FRO.LU is under Development
+3 votes
1.8k vues

Moien , wei wäit sënn mir mam Projet de Loi 8040 ?

Do schéngt säit dem 16.12.2022 sech näischt méi gedoen ze hunn.

Gëtt et do ee spezielle  grond ?

Den Depot war de 04.07.2022 .


par dans Travail, Emploi et Économie sociale et solidaire | 1.8k vues

4 commentaires

Moien,

Ech fannen dei Fro gudd, well ech mech schon genau dat selwescht gefroot hun.

Wann ech mat esou engem Retard geif op menger Arbescht schaffen, dann wier ech schon laang 

ziteiert gin.

Allez Hopp, kuckt emol dass dësen Projet de loi weiderkennt!!!
Gudde Moien,

Den Projet 8040 ass schonn eng zäitchen deposéiert mee et ass nach een Avis vum Staatsrot do. Ouni dësen Avis kann de Projet net ofgestëmmt ginn. Falls den Staatsrot net zefridden ass, dann muss en demnowéi och nach nogebessert ginn. Déi al respektiv déi nei Regierung kënnen dem Staatsrot Projeten als Urgent uginn - wéi dat zB bei de Covid Texter de Fall war - anerefalls mécht den Staatsrot se een nom aner. Wéi prioritär dëse Projet fir déi nei Regierung ass, dat kënnen Iech nëmmen d'Vertrider vun DP an CSV soen.

MfG
Moien, 

Ech wollt froen ob et nei nouvellen vum Projet de loi 8040 get. Vue que dass den Staatsrot sein avis den 12.12.2023 ofgin huet. An een sait deems naischt mei heieren huet. 

Mat besten Greiss
Gudde Moien,

Nee mir wëssen nach näischt neies. Den Projet ass bis elo net an enger Kommissiounssëtzung ugeschwat ginn. Déi nächst Säetzung ass fir den 24.06 ugesat, et ass awer nach net kloer, wat den neie Minister fir Projeten hei wëll op den Ordre du jour setzen.

Mat frëndleche Gréiss

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.