FRO.LU is under Development
+3 votes
1.1k vues

Moien,

 

Wann een an der Assurance dépendance ass an doheem gefleegt gett, huet een en Aidant informel deen sech em déi fleegebedürfteg Persoun doheem kemmert.

 

Muss een awer den Aidant informel eng Kéier wiesselen esou muss d´Persoun déi gefleegt gett komplett nei vun der Assurance dépendance evaluéiert ginn, OCH WANN SECH ABSOLUT GUER NÄISCHT UM FLEEGEZOUSTAND VUN DER PERSOUN GEÄNNERT HUET.

 

Eng ganz nei Evaluatioun vun der fleegebedürfteger Persoun muss gemaach ginn JUST nemmen fir den Aidant informel ze wiesselen!!!

 

Den Dossier gett à zéro gesat, d´Fleegepersoun muss leider eng komplett nei Demande maachen, genau esou wéi eng Persoun déi nach ni an der Assurance dépendance virdu war an dess fir d´éischt ufreet. EDZS7JDZ8NFVAI6PULNNABYsse

 

De Fleegebedürftegen muss erem bei den Dokter deen déi néideg Formulären muss ausfellen etc etc.

 

Muss dat da wierklech sinn? Dat kascht de Steierzueler onnéideg Suen an ass méi ewéi emmerdant fir déi fleegebedürfteg Persoun.

 

An desem spezifesche Fall huet eng fleegebedürfteg Persoun den 01. Dezember 2022 den Aidant informel musse wiesselen.

 

Stand Haut beaarbecht d´Fleegeversechrung Dossier´en vum Mount September 2022, also quasi mat 5 Méint Retard krut ech telefonesch bestätegt.

 

Den Aidant informel gett awer ereischt unerkannt a kann eréischt an d´Pensiounskeess ugemellt ginn wann déi fleeebedürfteg Persoun nei evaluéiert ginn ass.

 

 

  1. Kann den Aidant informel reckwirkend an d´Pensiounskeess ugemellt ginn?
  2. Wéi laang reckwirkend kann den Aidant informel an d´Pensiounskeess ugemellt ginn?
  3. Firwat muss d´Fleegepersoun komplett nei evaluéiert ginn obschonns sech hiren gesondheets Zoustand guer net verschlechtert huet just fir den Aidant informel ze änneren

 

An der QP N° 7204 Entrée le 20.12.2022 behaapt de Minister d´Leeschtungen unzepassen.  

4. Weess de Minister an Zweschenzäit wéini dat endlech gemaach gett? Wann nee, firwat gett et do nach keen Datum?


5. Kann de Minister wéinstens verspriechen dass d´Leeschtungen nach virun de Wahlen ugepasst ginn, wann nee, firwat net?


6. Wat geschitt wann sech eraus stellt dass den neien Aidant Informel seng Aarbecht net gutt mecht an d´Fleegepersoun sech erem no 1 Mount vläit muss no engem neie Fleeger emkucken? Gett dann erem eng nei Evaluatioun vun der Fleegepersoun gemaach wat erem 5 Méint dauert?


Dréint een do net e bessi am Krees?


Villmools merci.

MbG


Cloturée
par dans Sécurité sociale
Cloturée par | 1.1k vues

2 commentaires

Et ass tatsächlech esou dass wann eng eeler Persoun just nemmen hire Fleeger muss wiesselen si sech erem medizineschen Ennersichungen, mentalen Tester etc etc MUSS ennerzéien. Si gett vun Dokteren, Infirmièren an Psychologen erem nei evalueiert.


Dass de Fleeger "gestest" muss ginn an evalueiert muss ginn fir ze kucken op en dess dach deelweis schwéier Aarbecht ka maachen ass onbedingt néideg a richteg.


Firwat awer déi eeler Persoun mussen nei ze evaluéieren an ze ploen wann sech hire gesondheets Zoustand mol net verschlechtert huet an si net méi Geldleeschtungen ugefrot huet ass INAKZEPTABEL an ONMENSCHLECH.


Wivill Zäit a Suen kascht dat Alles?


Plangt de Minister dess Virgehensart a nächter Zukunf ze änneren?

Gudde Mëtten,


D'Äntwert vum Minister Hagen ass elo do an dir kënnt se op eisem Site noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-assurance-dependance/


Falls nach Froe bléiwen, kënnt dir iech gär bei eis mellen.



1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Mëtteg,

déi zoustänneg Persoun am Dossier Santé ass aktuell net disponibel. Är Froen schéngen awer pertinent ze sinn a mir wäerte probéieren eng QP doraus auszeschaffen.

MbG
par
sélectionné par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.