FRO.LU is under Development
+1 vote
615 vues
Wei kann et sin dass maer an Zäiten vun inklusion, ...,  en Fonktionnnement(cct sas/fhl/ staat hun wou seet dass de fier dei nämlecht Aarbecht/etuden manner verdings an en Staat dest zouleist? Am Sas Cct verdingt en infirmier manner wei am Fhl, maos maer siichen dach Personal? En Educateur huet am sozialen sSecteur mei responsabiliteit wei en Infirmier ass trotz nämlechter Schouleger leechtung drenner angestufft. Mais maer sichen dach och do Personal? Wei kann dest sin? Eng Gewerkschaft (OGBl) traut sech net drun, wei as et hei? Kann een eppes maachen op Politescher Basis? Well maer bräuchen des Leit an eis feehlen des Leit alleng schon duervh des ongläichheeten! Dei Leit hun immens Responsabiliteiten ze droen dei esou schon net renumeireiert si  an dest dobäi motiveiert net! Do ass et und ch un der Zäit dat en Staat eng Regierung angraift!

Merci 

LG
par dans Famille, Intégration et la Grande Région | 615 vues

1 commentaire

Gudde Moien,


Dir hudd ganz Recht domat, dass et am Fleege- a Sozialsecteur nach Ongerechtegkeete gëtt. Mir Piraten hunn dofir och scho Froen zum CCT SAS gestallt. Hei fannt dir z. B. eng Fro zu den Auxilaire de vie wou et och em Ongläichheete geet: https://piraten.lu/en/fro-lu-auxiliaire-de-vie/


Zousätzlech hu mir eis a Bréiwer un d'ALIPS an d'ALIP och kloer fir eng gläich Bezuelung vun den Infirmi·èren, déi ee BTS an ee Bachelor hunn ausgeschwat. Beim BTS spécialisé misst d'Bezuelung d'selwecht sinn, wéi fir den neie Master, dee geschaf gëtt. An dëse Bréiwer, déi mir Iech gär per Email kënnen zoukomme loossen, wann Dir dat wënscht, schwätze mir eis ganz kloer fir eng Revalorisatioun um akademeschen a finanzielle Plang aus. 


Dodernieft gi mir ze bedenken, dass den CCT SAS vun der COPAS, der Fédération des Acteurs du Secteur Social au Luxembourg, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen an dem OGBL an LCGB ënnerschriwwe ginn ass. Mir Piraten ënnerstëtzen esou Kollektivverträg, well se besser Aarbechtskonditiounen an och gläich Konditioune fir vill Salariéë schafen. Natierlech ginn et awer Ënnerscheeder tëscht de Verträg. Eenzeg beim Staat gëtt all Positioun landeswäit selwecht bezuelt.


Mir si mat Iech d'Accord, dass dës Beruffer erëm musse méi attraktiv gemaach ginn. Wéi dir richteg sot, brauche mir Infirmi·èren an Educat·ricen. Dofir setze mir eis wéi gesot, fir eng Revalorisatioun um akademeschen a finanziellen Niveau an.


Wa soss nach Froe sinn, sti mir ëmmer zur Verfüügung.

Mat frëndleche Gréiss,

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.