FRO.LU is under Development
+1 vote
1.4k vues

Zu Letzebuerg ginn et 3 grouss Laboratoiren.

Ketter Thill, Laboratoires réunis a Bionext.


Bei deenen 2 éischte Labo´en gett een am Virfeld opgekläert wéi eng Bluddanalysen an der Nomenclature sinn a wéi eng ee muss selwer bezuelen.


De Patient muss op der Plaaz ennerschreiwen dass en déi net vun der CNS bezuelten Analysen well an och selwer bezillt.


Beim 3. Labo ass dat net de Fall, do kritt een dat NET gesot, et muss een ergo och näischt ennerschreiwen sollten Analysen NET an der Nomenclature sinn an eppe kaschten.


Mam Resultat dass een dono eng Rechnung vun 100€-300€ heem gescheckt kritt ouni ze wessen firwat, demno wat d´Dokteren opgeschriwwen hunn.


Misst de Laboratoire Bionext net och d´Leit am Virfeld informéieren dass vläit eng Rechnung fir verschidden Analysen wäert heemgeflattert kommen?


Muss een d´Rechnung vum Labo bezuelen wann een NET informéiert ginn ass an NÄISCHT ennerschriwwen huet?


Missten net déiselwescht Regelen fir all Labo gellen?


Merci Villmools.


Cloturée
par dans Sécurité sociale
Cloturée par | 1.4k vues

4 commentaires

Gudde Moien,

 

Laut eise Recherchen ass keng legal Obligatioun virgesinn, wou Laboe missten d'Patiente virun der Analyse opklären, dass verschidden Deeler vun der Analyse oder déi ganz Analyse net vun der CNS iwwerholl ginn. Dëst schéngt also éischter ee gudde Service bei deenen anere Laboen ze si wéi ee Verstouss vum 3te Labo. 

 

Generell ass d'Verschreiwen an d'Verrechne vu Saachen déi net vun der CNS iwwerholl ginn ee grousse Problem mat deem mir all reegelméisseg konfrontéiert ginn. 

Mir hunn scho Froen zu dësem Thema gestallt:

https://piraten.lu/sonderhonorare-beim-dokter/

https://piraten.lu/fro-lu-remboursemente-vun-doktorsrechnungen/

Dës ware méi cibléiert op Doktere mee de Constat ass de selwechten: de Patient ass am Nodeel well en d'Code vun den Dokteren net auswenneg kennt an dofir net gesäit, wann eppes net iwwerholl gëtt.

 

Mir Piraten hunn hei fir eng Iwwerschaffung vum System gefrot, et kéint een zum Beispill d'Doktere verflichten, fir dës Coden an enger anerer Faarf oder anescht markéiert op de Rechnungen an Ordonnancen duer ze stellen. De Wëlle vu Blo-Roud-Gréng hei eppes ze ännere schéngt awer leider net do ze sinn. 

 

Mir kënnen iech an all aneren dobaussen nëmme roden, um Site vun der CNS d'Coden ze iwwerpréiwen: 

https://cns.public.lu/fr/legislations/slbc/cns-fllam-tableau.html

https://cns.public.lu/fr/outils-simulateurs/nomenclatures.html


Mat frëndleche Gréiss,

Gudde Metteg,


Merci fir Är Äntwert, "e gudden Zerviss vum Labo?" Si Dir Iech do ganz secher?


Ech hunn dat heite font:


https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/conv/2015/06/10/n1/jo


Mémorial A n° 199 du 20.10.2015

Autorisation préalable et information de la personne protégée.

 

Article 12

…..Lorsque  l’ordonnance  comporte  des  analyses  de  biologie  médicale  qui  ne  sont  pas  ou  pas  intégralement  prises en  charge  par  l’assurance  maladie  ou  pour  lesquelles  la  loi,  les  règlements  ou  les  statuts  de  la  Caisse  nationale  de santé  prescrivent  une  autorisation  préalable  du  Contrôle  médical  de  la  sécurité  sociale  ou  le  respect  de  conditions 

particulières,  le laboratoire  en  informe  la  personne  protégée.  Sur  demande  de  la  personne  protégée,  le  laboratoire fournit une estimation sur le coût global des actes et sur les modalités de la prise en charge.

 

En cas de litige la charge de la preuve que cette information a été donnée incombe au prestataire.

…..


MbG

Dir hutt Recht. Mir haaten dësen Artikel bei eise Recherchen net fonnt an dofir entschëllege mir eis natierlech.

Gudde Moien,


D'Äntwert vum Minister ass elo do.


Laut Ministère ass et um Patient, fir ze froen, wéi vill eng Analys géing kaschten an de Labo ass dann verpflicht ze äntwerten. Den Labo ass awer net obligéiert, fir vu sech aus dës Informatiounen direkt ze ginn. Heimat ass den Schutz vum Konsommateur natierlech ageschränkt.


https://piraten.lu/fro-lu-net-opklarung-vu-laboratoireskaschten/ 


Falls Iech nach Froen bléiwen zu dësem oder zu aneren Themen, zeckt net Iech ze mellen


MfG

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Opgrond vun ären Informatiounen hunn mir elo eng Fro un de Minister nogereecht:

https://piraten.lu/fro-lu-net-opklarung-vu-laboratoireskaschten/


Den Delai ass wéi ëmmer ee Mount an mir soen op dëser Plaz bescheed wann d'äntwert bis do ass.


Entschëllegt nach eng Kéier, dass eis éischt Informatiounen net gestëmmt haaten.


MfG

par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.