FRO.LU is under Development
+1 vote
826 vues
Bonjour,

nodeems geschwënn erëm Walen sinn zemools an der Stad stellt sech (erëm) folgend Fro.

Wéi kann et sinn dat Conseilleren bei enger Gemeng, Conseil ginn an engem Secteur wou si selwer schaffen zB HoResCa?

Hai gëtt et dach en kloren Conflit d'Intérêt.

Wann sech elo och nach déi concernéiert Persounen opstellen fir an den Gemengenrot gewielt ze ginn, ass dann den Conflit d'Intérêt net nach méi frappant? Gett et hei keng Kontrollmechanismen bzw misst een net entspriechend säin Mandat an di eng oder aner Richtung rouen loossen?

Virwaat gëtt esou eppes zougelooss? Wat gëtt dogéint gemeet?
par dans Intérieur | 826 vues

3 commentaires

Gudde Mëtten,

Mir sinn eis net ganz sécher, ob mir d'Fro richteg verstaanen hunn. Am Fall wou Dir Iech froot, ob een als Gemengeconseiller nach dierf aarbechtstechnech aktiv sinn, esou ass d'Äntwert ee kloren Jo, well den Conseillerssëtz nëmmen Congé politique vun 3 (majorz) oder 5 Stonnen (proporz) d'Woch hiergëtt. Am Fall vun enger Conflit mat der Aarbecht,dierf een bei verschiddenen Reuniounen a Votten net matmaachen. Falls Dir Informatiounen oder Froen zu engem Conflit d'intérêt hutt, kënnt Dir eis dës gären op piraten@chd.lu eraschécken.
Gudden Mëtten,

jo dat ass richteg verstaanen. Et ass elo awer esou dat als Conseiller een säin "conseil" gett an engem Secteur wou een selwer schafft an esou sech natiirlech d'Fro stellt op den conseil nach objektiv an neutral ass oder op een esou "conseilléiert" daat et strategesch an seng eegen Richtung mëttel- bis laang-fristeg leeft.

Wéi streng gëtt kontrolléiert wann an Réuniounen votéiert gëtt, wou een sech net nëmmen entspreichend enthaalen misst mee esouguer den Sall verloossen misst?

Gett et do en Audit?

Et handelt sech bei engem Vott wou een en Intérêt personnel huet ëm ee Verstouss vum Art. 20 vum Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988. Et gëtt hei keng zoustänneg Kontrollkommissioun am Sënn vun engem feste Grupp. De Conseiller selwer huet sech z'entzéien an déi aner Conseilleren, Schäfen an d'Buergermeeschtesch hunn en opzefuerderen ze goen, falls et net vum selwen geschitt. Falls dëst och net sollt geschitt sinn, an dir esou een Vott kënnt virleën, biede mir iech, iech dëst un d'Piraten vun der Stad Lëtzebuerg weiderleeden iwwert stad@piraten.lu 


Allgemeng kann een awer net soen, dass een als Conseiller net dierf an der Gemeng aarbechtstechnech aktiv sinn, oder dass dëst per se een conflit d'intérêt wier. 

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.