FRO.LU is under Development
0 votes
1.3k vues

Moien,


Wann den Dokter engem e geneteschen Test verschreift well bestemmten schlëmm Krankheeten veriefbar sinn gëtt dëss Odonnance op den LNS gescheckt.


Ier den Test gemaach däerf ginn muss een en Entetien mat mat engen Genetiker vum LNS hunn.


Fir e souen Entetien mam Genetiker muss ee wuel laut dem LNS laaaaang waarden. (Laut mengem Dokter1 Joer)


-Wéi laang sinn d´Waardezäiten fir vun engem Genetiker vum LNS können empfaangen ze ginn?

-Wivill genetesch Tester gi pro Joer beim LNS ugefrot.

-Wéivill Genetiker schaffen um LNS an a wéi enge Beräicher?


Wéi mäin Dokter mär sot decidéiert de Genetiker schlussendlech no der Konsultatioun op den geneteschen Test iwwerhaapt sollt gemaach ginn oder carrément refuséiert gëtt.


-Wéivill Ufroen fir e geneteschen Test sinn an deene läschte 5 Joer vum LNS refuséiert ginn?

-Em wéi eng Tester huet et sech do gehandelt?

-Wen decidéiert schlussendlech op dee vun Dokter ugefroten geneteschen Test vum LNS gemaach gëtt oder net?

-No wéi enge Kritären gi verschidde genetesch Tester vum LNS refuséiert?

-Wéi eng spezifesch genetesch Tester waren dat an deenen läschte 5 Joer an bei wei enge Pathologien?


MERCI


LNS.pdf (0,4 MB)



Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 1.3k vues

2 commentaires

Gudde Moien,

Mir hunn eis mam LNS a Verbindung gesat, fir mol allgemeng erkläert ze kreien wéi dës Prozedur ass.

Effektiv hu si bestätegt, dass den Delai bei ronn engem Joer ka leien wann een zB net am Fall vun enger schwangerer Fra ass. Mir krutten och erkläert, dass Demande ka refuséiert ginn, well Dokumenter zu den Antécédanten feelen oder well den Dokter een Patient schéckt fir eppes wou den LNS net zoustänneg ass. Demande no weideren Dokumenter kritt een dee Moment virum Rdv. 

Mir wäerten eng Fro un d'Ministesch ausschaffen fir hei weider Infoen ze kréien an och nozefroen, wéi déi Delaien am beschte verkierzt kënne ginn.
Gudde Mëtten.

Haut koum d'äntwert vun der Madamm Lenert. Tëscht den Zeilen kann een liesen, dass wuel net geplangt ass d'Waardezäiten duerch méi Personnal massiv ze kierzen. https://piraten.lu/fro-lu-genetesch-tester-beim-lns/ . Mir verstinn är Frustratioun bei Waardezäiten vun bis zu engem Joer an wäerten d'Ministesch weider Froen fir dësen Delaien Meeschter ze ginn mee méi kënne mir am Moment leider net maachen.

Mir stinn Iech awer ëmmer zur Verfüng wa soss nach Froe sinn.

Mat frëndleche Gréiss,

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Bonjour,

är Fro ass ugeholl an dir kënnt se hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-genetesch-tester-beim-lns/

Falls soss nach Froe sinn zéckt net Iech ze mellen. Mir soen wéi ëmmer bescheed wann d'Äntwert bis do ass.

mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.