FRO.LU is under Development
+1 vote
849 vues

Legliséierung Cannabis.

 

Den 10. Juni 2022 huet Regierung den Ubau vu 4 Cannabis Planzen pro Stoot doheem erlaabt.

 

Eng eenzeg Planz kann tëschent 500gr an 1000gr Ertrag bréngen, jee no Zort.

 

Bei 4 Planzen wieren dat dann 4 Kg.

 

Eng Planz, je no Zort, brauch 2-3 Méint fir könne geernt ze ginn.

 

Doduerch erginn sech e puer Froen:

 

Ass et erlaabt säi iwwerflëssege Cannabis mat aneren Konsumenten ze deelen?

Beispill: 5 gr Cannabis géint 10 Kilo Kiischten tauschen?

 

Ass et erlaabt säin iwwerflëssege Cannabis ganz legal a verschidden Internet Gruppen zum Tosch unzebidden?

 

Ass et erlaabt säin iwwerflëssege Cannabis ganz legal op Internetplattformen unzebidden, zum Beispill bei Amazon oder Ebay? Soufern et natierlech  net duerch dem Bedreiwer vun der Plattform seng Richtlinnen verstéisst?

 

Ass et erlaabt säin eegenen Ertrag hei op der lëtzebuegescher Plattforn LETZSHOP unzebidden?

 

Wéi ass do d´Gesetzeslag?

 

Villmools merci.

MbG

 

 

 

 


par dans Justice | 849 vues

1 commentaire

Gudde Moien,

 

Hei muss eng wichteg Prezisioun gemaach ginn. Den Ubau vu Cannabis ass net säit dem 10te Juni erlaabt ! Den Ubau ass momentan leider nach ëmmer illegal. De Gesetzesprojet gouf deen Dag am Regierungsrot ugeholl, elo wäert dëse Projet un d'Chamber geschéckt ginn an an enger Kommissiounssëtzung virgestallt ginn. Mir kënnen iech also nach keng Äntwerten op all dës Froe ginn, well mir de Projet nach net liese kënnen.

 

Den Ubau vu Cannabis wäert warscheinlech Méint wann net Joren illegal bleiwen, jee nodeem wéi laang et an der Chamber dauert, fir een Gesetzesprojet opzestellen deen d'Strooss hält.

 

Mat frëndleche Gréiss

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.