FRO.LU is under Development
0 votes
805 vues

No de ville Kommentairen op RTL zur Madame Lenert hierer Astellung zu IRM/Scanner a private Praxen wollt ech mol nofroen op een dann elo e Recht huet mam Radiolog ze schwätzen no senger IRM/SCANNER Ennersichung oder net.


Oder muss ee just cullotéiert genuch sinn a einfach froen fir mam Radiolog ze schwätzen?


Wéi ass do d´Saachlag?


https://www.rtl.lu/news/national/a/1902279.html

23.04.2022 11:24
 8
 1
An de Spideeler ass alles just nach Massenabfertigung.
De Patient waard stongelaang, da gett säin Bracelet gescannt an et geet een an en IRM oder Scanner weider geleet.

Dono, kee Gespréich mam Dokter, näischt. Keng Diagnos, et gett een einfach am Reen stoe gelooss an Heem gescheckt. Keng Informatioun wat den Dokter an de Biller gesinn huet, kee Kontakt zum Dokter, näischt. De Patient ass just eng Nummer déi duerch en Apparat leeft.

Dat ass an de Privatpraxen awer gaaaanz anescht.
Do gett e frëndlech empfangen an dat wichtechst natierlech d´Gespréich direkt no der Ennersichung mam Radiolog.

Esou fillt e Patient sech wuel opgehuewen an direkt informéiert op e krank ass oder net.

Do mussen d´Spideeler fir d´éischt emol mathale können, wat se net können.

Dorunner sollt d´Gesondheetsministesch mol schaffen, dass de Patient sech erëm wuel fillt am Spidol, dass de Patient no enger Ennersichung vum engem Dokter erkläert kritt wat bei der Ennersichung eraus komm ass.
Dëse User ignoréieren
Mellen
Äntweren
ULLI51
-23.04.2022 13:36
 0
 0
A wat fir engem Spidol war Dir dann? Ech war bis elo 5 Mol iwer all déi Joeren duerch den IRM (an den Chemen), krutt all Kéier genee Explikatiounen um Ecran 1. vum Radiolog, op Nofro. Duerno der nach zousetzlech, no epuer Deeg, beim Dokter.
par dans Santé | 805 vues

1 commentaire

Gudde Mëtten,

Mir hunn Recherchen zu dësem Thema gemaach, an hei gëtt et eisen Informatiounen no keng Obligatioun fir ee Radiolog fir mat dem Patient iwwert d'Resultater ze schwätzen, et ass awer och net verbuede mam Patient iwwert d'Resultater ze schwätzen.

Hei mol den Règlement vum Métier vun de Radiologen: https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2003/05/09/n1/jo

An dësem Fall gëtt et ee legale Kader. Um Site vum HRS steet et wuel am kloersten erkläert:

"HRS:

Récupérer ses résultats

Le médecin radiologue qui a réalisé l’examen fait une première interprétation des images sur l’écran pendant que vous êtes dans la salle d’examen.

Les images sont reproduites sur un CD ou parfois transmises directement à votre docteur. Le radiologue transmettra un compte rendu écrit à votre médecin. Seul, celui-ci pourra vous donner le résultat complet à l’aide des autres examens demandés.

https://www.hopitauxschuman.lu/wp-content/uploads/2020/03/IRM_V05.03.2020.pdf "

De Radiologie mëscht also eng éischt Interpretatioun, allerdéngs kann dës spéiderhi vun enger méi kompletter Analyse vum Dokter ofwäiche. Dowéinst wëllen verschidde Radiologen da léiwer näischt soen, wéi dass se herno eppes anescht kommunizéiert hunn wéi den Dokter an de Patient domat veronsécheren.

An dësem Fall ass et wuel ëmmer am beschten perséinnlech nozefroen, an d'Äntwert hänkt dann vun Radiologe zu Radiologe of.

Mir hoffen dës Informatiounen hëllefen Iech dat Ganzt e bëssen besser ze verstoen. Mir bleiwen disponible, wann weider Froe sollte sinn.

Mat frëndleche Gréiss

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.