FRO.LU is under Development
+2 votes
1.9k vues

Op Gronnd vun der Question orale Nr 289 vum Här Deputéierten Claude Lamberty an der Chambersëtzung vum 8.Februar 2022 un den Här Sportminister Georges Engel am Bezuch zu der Carrière Civile fir Elitesportler géing ech dem Sportminister, dem Verteidejungsminister  an dem Minister vum Ëffentlechen Déngscht gäere folgend Froen stellen:

A.     Am Moment besteht jo schon d’Section des sports d’élite de l‘Armée.
1.Wéivill Sportler sinn an der Arméi als Sportszaldot agestallt?
2. Wéieng Sportarten üben déi Sportler aus, bzw wéienge Federatiounen gehéieren se un?
3. Vu wéiengem Budget ginn d’Dépenses fir d’Salaires bezuehlt a wéivill belafen sech déi jährlech Ausgaben fir de Staat fir déi Sektioun vun der Arméi (Dépenses vun der Arméi an déi vum Sportministère eenzel opgefouert)?

B.    

Am Moment gëtt et fir Staatsugestallten eng ähnlech Dispositioun, notament den Horaire aménagé deen am Artikel 14 Punkt 1 vum Sportgesetz vum 3.August 2005 steht a folgendes virgesäit

„Un horaire de travail aménagé peut être introduit dans l'intérêt des sportifs d'élite occupés dans le secteur public. Par secteur public il y a lieu d'entendre l'Etat, les communes, les syndicats de communes, les établissements publics et la société nationale des chemins de fer luxembourgeois. »
1. Wéi ass deen Horaire aménagé an der Fonction public geregelt ?
2. Gëtt et e Règlement Grand-Ducal deen d’Dispositiounen vun deem Horaire aménagé definéiert ?
3. Ginn et Agenten an der Fonction Publique déi vun deem Horaire aménagé profitéieren ? Wa jo, wéivill Agenten sinn et, wéiee Statut hu se an a wéienger Carrière befannen déi Agenten sech (groupe de traitement/sous groupe de traitement)
4.
Wat bedeit dat konkret fir déi Agenten hier Aarbechtszäiten betreffend ? Ass hieren Horaire journalier méi flexibel, esou dass se an hierem normalen Aarbechtspensum ausserhalb vun de Plages fixes och Trainingszäiten duerchféiheren kënnen, oder ginn déi Agenten carrément fräigestallt fir Sport ze maachen?
5. Wann déi Agenten fräigestallt ginn fir Sport ze maachen, wéivill Stonnen pro Dag, pro Woch, pro Mount a pro Joer kënnen se da maximal esoueng Dispense kréien?
6. Wéi gëtt de Salaire/Indemnitéit/Traitement während esouenger Dispense gehandhabt? Bezidd de Sportler de komplette Revenu wéi wann e géing zu 100% schaffen oder gëtt dee Salaire zu engem reduzéierten Taux indemniséiert, bzw guer net ausgeglach? Gëtt all Agent dee vum Horaire aménagé profitéiert onofhängeg vu sénger Carrière gläichhéich pro Stonn indemniséiert, oder bezidd den Agent seng normal Pei aus senger Carrière? z.B. e Fonctionnaire A1 gëtt während sénger Dispense weiderhinn mat séngem normalen Traitement bezuelt an e Salarié bezidd och säin normalen Salaire, oder gi béid Agengten gläichbehandelt a bezéihen déi selwecht Entschiedegung?
7. Wéieen Afloss op d’Carrière vum Agent huet deen Horaire aménagé? Leeft d’Carrière normal weider esou wéi wann den Agent zu 100% vu sénger Tâche géing schaffen oder gëtt se proratiséiert par rapport zu sengen effektiven Aarbechtszäiten an dementspriechend verzögeren sech seng Avancementer an der Carrière am Verhältnis zu sengem Horaire aménagé?
8. Wéivill Stonnen sinn esou an de leschte Joeren dispenséiert ginn? 2021, 2020, 2019, 2018 an 2017 eenzel opgelëscht w.e.g.
9. Wat ass de Gesamtmontant vun Traitementer, Indemnitéiten a Salaires déi an de leschte 5 Joer, op déi eenzel Joeren opgelëscht, esou un Agenten vun der Fonctiuon Publique ausbezuehlt gi sinn fir dass se hierem Sport kënnen nogoen? Opgelëscht no Joer, Unzuehl vu Sportler an Total vun Ausgaben fir Gehälter.
10. Wéieng Sportarten üben déi Agenten aus, bzw wéienge Federatiounen gehéieren se un?
11. Gëtt et deen Horaire aménagé fir Eenzelsportler an Équipesportler?
12. No wéienge sportlech wéi aarbechtsrelevanten Kriterien gëtt décidéiert ob en Agent vun deem Horaire aménagé ka profitéieren, ween hëllt déi final Décisioun a wou si se festgehale ginn? Wann een Agent déi Kriterien net méi erfëllt, kann den Horaire aménagé zu jidder Zäit nees zréckgezu ginn?

13. Ënnert wéienger Form gëtt deen Horaire aménagé aarbechtsrechtlech ofgeschloss? (Avenant zum Aarbechtsvertrag, Arrêté)? Wéieng Roll huet de Sportminister an där Prozedur? Gëtt en Avis vum Sportminister am Virfeld vun engem Accord vun engem Horaire aménagé ausgestallt? Gëtt am Prozess fir d’Décisioun zu esouengem Horaire aménagé den Avis vun der Représentation du personnel ageholl ?

14. Iwwert wéieen Zäitraum gëtt deen Horaire aménagé accordéiert?

15. Kann en Agent vum der Fonction Publique eng Demande fir esoueen Horaire maachen ?

16. Ginn et Dispositiounen déi virgesinn, dass den Agent ënnert verschiddenen Konditiounen déi finanziell Ënnerstëtzung muss rembourséieren? Z.b. Wann Doping konnt nogewise ginn?

 


Cloturée
par dans Sports
Cloturée par | 1.9k vues

4 commentaires

Gudde Mëtten,

Mir hunn haut d'Äntwert vum Minister kritt, déi dir bei eis um Site kënnt noliesen. Fir eis bleiwen nach verschidden Aspekter ongekläert, dofir sinn mir am gaangen ze kuken, a wéi wäit eng Nofro hei géing Sënn maachen.

Mat frëndleche Gréiss

Mir hunn eis entschloss an dësem Kontext eng Nofro ze stellen, déi dir ënnert dem selweschten Link kënnt noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-elittesportler-effentlechem-dengscht/

Falls soss nach Froen sinn, zeckt net eis ze schréiwen.
MfG

Merci fir ären Asaatz.

Allerdings ergi sech mat der Äntwert vum Minister fir mech méi nei Froen wéi Froen déi beäntwert goufen.

Wat mech erschreckt, ass, dass et ausser dem Artikel 14. Vum Sportgesetz keng aner legal Basis fir den Horaire aménagé gëtt.

Wéi ass et mat den Aarbechtszäiten? Gin déi Agenten fräigestallt oder kënnen se hier Aarbechtszäiten just méi flexibekl gestallten?

Wéi ass et mam Salaire während dem Horaire aménagé ?`Wéi gëtt dee berechnet ? Kritt den Agent seng normal Pei weider oder gëtt en fir déi Zäit wou en fräigestallt ass mat engem festgesaate Betrag indemniséiert? Kritt e Salarié deen 3000€ brutto verdéngt dat selwecht wéi e Fonctionnaire mat 10.000€. Wann net, op Gronnd vu wat ass deen Ënnerscheed gerechtfertegt? Wa se Sport maachen an net an hiere Fonctiounen vum Beruf sinn, kënne se dann awer op Gronnd vun hierem Groupe de Traitement bzw hierer Carrière bezuehlt ginn?

Wéi ass et mat der Sécurité sociale während deem Horaire aménagé ? Mat Krankekees, mat Assurance Accident ? E Sportler dee während sengem Horaire aménagé en Accidebnt huet, wéi ass dat geregelt?

Si mer hei net a Beräicher déi den Droit du Travail, Sécurité Sociale a Santé betreffen ?

Sinn déi Beräicher net laut Artikel 11 vun der Verfaassung „Matières réservées à la loi » ? Steht e Sportgesetz iwwert deene Beräicher déi am Artikel 11 als Matières réservées à la loi definéiert sinn a kann e klengen Artikel vum Sportgesetz Regelungen vum Droit de Travail an d’Verantwortung an Interpretatioun vum Patron iwwerginn?

Wéi ass et mam Statut vum Fonctionnaire ? Wéi mam Kollektivvertrag vun de Salariés? Wéi mam CET-Gesetz? Wéi mam Gesetz iwwert d’Traitementer? Misst do net eppes drastoen? Wann den Horaire aménagé net am CET Gesetz als temps de travail definéiert ass, oder als Dispense de service, kann dann iwwerhaapt fir déi Zäiten wou d’Agente fräigestallt ginn e Salaire bezuehlt ginn? Wann am CET-Gesetz an am Traitement-Gesetz vun der Fonction Publique kee Wuert iwwert deen Horaire aménagée steht, op Gronnd vu wéienger legaler Basis dierfen dann iwwerhaapt Steiergelder fir déi Fräistellungszäiten bezuehlt ginn?

Kënnen all déi Texter durch e banalen Artikel am Sportgesetz ausgeschalt ginn? An déi komplett Interpretatioun vum Patron gemaach ginn ? An dësem Fall ass de Patron jo awer schlieslech zu engem groussen Deel de Staat an d’Pei gëtt vu Steiergelder bezuehlt.

Wéi ass et mam Artikel 48 vun der Verfaassung.: « L’interprétation des lois par voie d’autorité ne peut avoir lieu que par la loi. » ? Missten net all Gesetzer déi vun esouengem Horaire aménagée betraff sinn als éicht emol modifizéiert ginn, éier esoueen Horaire applizéiert ka ginn?

Wéi ass et mat der Diskriminatioun vu Ressortissants vun der EU ? D’Fonction Publique ass a ville Beräicher oppen fir Net-Lëtzebuerger. Fir Sportif d’Élite vum COSL kënnen ze ginn, musse een do net awer d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn? Wann d’Nationalitéit eng Konditioun ass fir an dee Cadre ze kommen, da kënnen jo awer Ressortissants vun der EU déi d’Nationalitéit net hunn, net vun deem Horaire aménagée profitéieren. Esouguer net wa se an hierer Sportart Weltmeeschter wieren an de beschte Lëtzebuerger 1000. vun der Weltranglëscht. Ass dat keng Diskriminatioun?

Wat kréien déi 5 Sportler déi am Momengt vum Horaire aménagé profitéieren pro Joer u Steiergelder bezuehlt fir déi Zäiten wou se fräigestallt sinn?

Ech si ganz éierlech gesot schockéiert ze liesen wéi einfach et méiglech ass, dass Verwaltungscheffen iwwert Steiergelder verfügen kënnen a wéi fräi an arbitraire se dat maache kënnen ounie dass vu Säiten vum Steierzuehler, also och der Chamber, e Kontroll gemaach ka ginn.

Wann een dann nach bedenkt, dass mer 50 Sportler am Elitekader hunn déi zum gréissten Deel international emol net unter ferner liefen kategoriséiert sinn, an och nach wees, dass et beim Staat wat de Rekrutement betrëfft zimlech arbitraire ofleeft, da kéint deen Horaire aménagée ënnert Ëmstänn de Steierzuehler Milliounen pro Joer kaschten, ounie och nëmmen déi geréngste Géigeleeschtung ze kréioen.

Ech fannen dat dote skandaléis.


Gudde Mëtten,

Haut ass dann och d'äntwert vun der Nofro ukomm. Leider schéngt et wierklech esou, wéi wann de Minister hei keen Problem gesäit, dass hei mat enger ganz fluer legaler Basis bis zu 50% vun der Aarbechtszäit gekierzt kënne ginn. Mir hoffen, dass mat der Schaffung vun der civiler Karriär dës Praktik op en Enn kënnt, mee bis dohin wäert et schwéier sinn, den Minister zum Emdenken ze beweegen.

Mat frëndleche Gréiss

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Mëtten,

Et sinn eng ganz Réi intressant Froen déi dir stellt. Mir hunn eng Réi dovun iwwerholl an elo als Fro un d'Ministere weidergeleet:

https://piraten.lu/fro-lu-elittesportler-effentlechem-dengscht/

Elo ass et esou, dass mir eis mol an enger éischter Phase iwwert d'Konditiounen an de Fonktionnement vum Horaire aménagé informéieren wëllen. Op Basis vun der Äntwert haale mir eis oppen déi aner Froen déi dir eis zoukommen geloos hutt, an enger enventueller Nofro ze thematiséieren.

D'Äntwert sollt an deenen nächsten 30 Deeg kommen. Mir soen Iech bescheed, wann et souwäit ass. 

Falls Iech nach weider Froen dee Moment sollten afaalen, zéckt net se eis zoukommen ze loossen.

Mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.