FRO.LU is under Development
0 votes
1.8k vues

D’läscht Woch huet dat daitscht Paul Ehrlich Institut jo eng Lëscht erausbruecht wou d’Effektivität vun den Auto Schnelltester evalueiert ginn ass (https://www.pei.de/SharedDocs/Downloads/DE/newsroom/dossiers/evaluierung-sensitivitaet-sars-cov-2-antigentests.pdf?__blob=publicationFile&v=71 ).

Do ginn et dann deels massiv Ennerscheeder wat d’Sensitivität vun den Tester ugeet. Dat huet och d’ANIL dozou bruecht eng Lëscht mat den “Testsieger” ze püblizeieren (https://www.anil.lu/db/1/1470765182430?fbclid=IwAR0PKn6J0Hc4tdijFLobeS7xaql2dVwbb5DvnOBqyCIxGwQTa4xYv71bwTc)


Wann een sech déi Lëscht ukuckt gesait een dass do déi Tester déi zum Deel massiv vum Ministère de la Santé un d’Leit verdeelt ginn sinn net onbedengt déi beschte Resultater brengen siehe Wondfo oder Siemens, dat zemols bei niddreger Virelaascht.


Or, mam neien Covid Gesetz gëtt jo elo massiv op Schnelltester gesat well d’Regierung jo net dei neideg Testcapaciteiten fir PCR Tester an de Laboen en place gesat huet. 

An deem Context ass d’Sensitivität vun de Schnelltester awer emsou méi wichteg well grad infizeiert Geimpftener oft just eng kleng Virelaascht hunn, respectiv Etude gewissn hunn dass bei Omicron d’Virelaascht per se méi niddreg ass, wat jo net bedeit dass doduerch de Virus manner ustieschend wier - au contraire. 

Deemno brauch et grad elo qualitativ héichwäerteg an genau Auto Schnelltester. 

Wéi gëtt sëchergestallt dass déi zu Lëtzebuerg verkaften Tester “gut” sinn, well d’Lëscht vum Ministère de la Santé ass fir d’läscht de 15 Juni 2021 à jour gesat ginn. 


Wéi schneiden déi Tester déi fir déi certifizéiert Schnelltester an den Apdikten, Laboen an bei der Arméi benotzt ginn an dem Ranking of? 


Gedenkt de Ministère de la Santé hir Lëscht elo à jour ze setzen no der Publication vum Paul Ehrlich Institut (ëmmerhin baséiert dem Ministère de la Santé hir Lëscht jo op dem PEI senger freierer Lëscht)

 Misst de Ministère de la Santé net d’Leit öffentlech warnen fir just “gut” d.h. efficace Tester ze benotzen an eventuell déi (falls vorhanden) gesetzlech oder reglementar Basis an deem Sënn adaptéieren, dat fir sëcherzestellen dass just “gut” Tester am Ëmlaf sinn? 


Riskéieren mir net ouni irgendwelch Reaktionen soss vill Infektiounen z’iwwersinn an d’Pandemie ze verlängeren/verschlëmmeren?

Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 1.8k vues

3 commentaires

Bonjour,


Kënnt dir mir de Link vum Site vun der Santé schecken? "Wéi gëtt sëchergestallt dass déi zu Lëtzebuerg verkaften Tester “gut” sinn, well d’Lëscht vum Ministère de la Santé ass fir d’läscht de 15 Juni 2021 à jour gesat ginn. "

Ech fannen e leider net méi opwuel ech schonn esou eng Lëscht vum LNS gesinn hunn.


Mat frëndleche Gréiss,

Moien,


Hei ass d’Lëscht: https://covid19.public.lu/dam-assets/covid-19/documents/depistage/Liste-autotests.pdf déi fënnt een op der Covid19 Homepage an der Rubrique Testing — Sous-rubrique Tests PCR - Autotest https://covid19.public.lu/fr/testing/pcr-autotest.html


BG,

Gudde Moien, Är Fro ass haut beäntwert ginn, dir kënnt se op eisem Site noliesen.

https://piraten.lu/fro-lu-typen-vu-schnelltester/

Mir si gespaant, op dës Lëscht mam 31.03 dann wäert ugepasst ginn.

MfG,

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Mëtten,

Merci fir déi zousätzlech Infoen. Mir hunn är Fro un d'Gesondheetsministesch weidergeleet.

Dir kënnt se wéi ëmmer hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-typen-vu-schnelltester/

Wéi ëmmer soe mir bescheed wann d'Äntwert do ass,

Mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.