FRO.LU is under Development
+1 vote
1.6k vues
Vu déi quasi onmenschlech Zoustänn an der Urgence vum CHEM Esch, Léit léien an der Réi stonnelaang op Bretschen am Gank ouni en charge geholl ze ginn, d´Urgence ass total iwwerfëllt, Dokteren si gestresst a kommen mat hierer Aarbecht net méi no, elo wou Covid Zuelen permanet ofhuelen an iwwerall Lockerungen ze gesi sinn froen ech mech:

Firwat ass d´Urgence am CHEM Nidderkuer eigentlech nach ëmmer zou?

Geet dëss Urgence erëm op, wa jo wéini a tëscht wéi engen Zäiten?

Ginn d´Urgencen am CHEM ESCH op Basis vun engem niveau de priorité traitéiert sou wéi der Échelle canadienne de Triage et de Gravité?

Dës Échelle definéiert 5 verschidden niveaux de gravité déi mat 5 verschiddenen Délais de prise en charge - tëschent 0 an 120 Minutten ugi sinn.

Wéi laang hunn d´Leit déi sech an der Urgence am CHEM presentéiert hunn an dono entlooss goufen missen do verbrengen bis se fäergeg waren an erëm konnten heem goen?

Wéi kann een déi laang Waardezäiten am CHEM ESCH verkierzen?

MbG
Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 1.6k vues

2 commentaires

https://differdange.lu/reouverture-des-soins-durgence-de-proximite-a-niederkorn/?fbclid=IwAR0eD1FfxfyvHmGqYTpvIUHAqOpmdC21Q7pL6pIv9wmBTvcbMr286w871sA

Merci fir Ären Interessi léif Piraten. Et  schengt och eng Äntwert ze ginn ouni Är QP.

Firwat an Zukunft net einfach dem Froesteller klipp a kloer soen dass  Där, fro.lu, net wëlles huet seng  QP ze stellen?

Wier dat net méi transparent an éierlech?

MbG
Gudde Mëtten, 

D'Ministesch huet op eis Fro geäntwert an dir kënnt d'Äntwert hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-wei-ass-dsituatioun-an-den-urgencen-sinn-dpatienten-zefridde-mam-service/

Mir entschëllegen eis nach eemol fir de Retard.

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Gudde Mëtten,

 

Mir wëllen eis fir de Retard entschëllegen, duerch Congéen an der Fraktioun an d'Gebuert vun engem klenge Pirat si mir wat fro.lu betrëfft a Verzuch geroden.

 

Mir hunn op Basis vun äre Froen eng generell Fro zu de Waardezäiten an Disponibilitéiten an de Klinicke gestallt. Dir kënnt se ënnert https://piraten.lu/fro-lu-wei-ass-dsituatioun-an-den-urgencen-sinn-dpatienten-zefridde-mam-service/ noliesen.

 

Mir feeën eis dass d'Urgence am CHEM zu Nidderkuer rëm accessibel ass, an dass den Ausbau vun den Urgence-Servicer an deenen nächste Jore virgesinn ass. Mir entschëllegen eis, dass mir Iech net méi fréi konnten eng Fro proposéieren.


Mat frëndleche Gréiss,

Carole Weiler

par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.