Gudde Moien,
Jo esou Schnelltester ginn am Moment vun Apdikten un Kliniken an Altersheemer verkaaft. D'Schnelltester déi elo um Marché sinn, sinn net virgesinn, fir vum grand public benotzt ze ginn. D'Applikatioun duerch d'Nues richteg ze maachen ass net esou evident an am Moment ass och d'Consigne fir bei esou engem Test, ee Schutzanzug unzehunn. D'Zill ass et awer, fir dass et spéider Schnelltester ginn, déi och kënne vun all Mënsch kaaft a benotzt ginn.
Dat ass am Resumé dat wat d'Beroder vun der Regierung op Science.lu erklären:
https://science.lu/de/ueberblick-antigen-schnelltests/antigen-schnelltests-fuer-sars-cov-2-wie-sicher-sind-sie-und-wie-koennten-sie-eingesetzt-werden
https://www.wort.lu/de/politik/covid-schnelltests-ab-freitag-verfuegbar-5fb4001ede135b92361b3ecb
Falls nach wéider Froen sinn, zeckt net Iech ze mellen,
MfG