FRO.LU is under Development
+1 vote
2.7k vues

Den Educatiounsministère huet an enger Mail mat der Iwwerschrëft „Zréck an d’Schoul / Retour à l’école – Rentrée 2020-2021“  de 4.September un d’Elteren vun de schoulpflichtege Kanner ënnert anerem folgendes geschriwwen :

Y a-t-il des consignes concernant les élèves et enseignants malades?

En cas de maladie, les élèves et les enseignants sont tenus à ne pas fréquenter les lycées, les écoles ou les structures d’accueil. Les élèves et enseignants développant des symptômes seront directement appelés à quitter l’école et à consulter leur médecin. 

En général, les enfants ou le personnel présentant des symptômes doivent rester à la maison et contacter leur médecin. Un enfant doit rester à domicile et ne peut pas venir à la garderie ou aux cours s’il est malade ou présente :

- Au moins un des symptômes majeurs suivants d’apparition aiguë, sans autre cause évidente:

  • fièvre
  • toux
  • difficultés respiratoires
  • douleur thoracique
  • perte de goût et/ d’odorat sans cause apparente

Ou

- Au moins deux des symptômes mineurs suivants, sans autre cause évidente:

  • douleurs musculaires
  • fatigue
  • rhinite (encombrement ou écoulement nasal)
  • maux de gorge
  • maux de tête
  • perte d’appétit
  • diarrhée aqueuse

 

Een dee Kanner, besonneg am Spillschoulalter, huet, wees, dass d’Kanner praktesch vun Oktober bis Mee regelméisseg houschten, schnuddelen oder een oder méi vun deenen uewe genannte Symptomer hunn. Dat ass normal well an deem Alter d’Immunsystem opgebaut gëtt an d’Kanner och op kleng harmlos Infektiounen oft mat Symptomer reagéieren.

Dowéngst hunn ech zu deenen uewen opgezielten Dispositiounen folgend Froen:

  1. Ween entscheed wéinie e Kannd „genuch“ Symptomer huet fir dass et doheem muss bleiwen? Wéinie gëllt z.B. houschten als Houscht wéngst deem een doheem muss bleiwen?
  2. Ab wéienger Temperatur gëtt vu Féiwer geschwat? Gëtt Temperatur an de Schoulen gemooss? Wa jo, mat wéienger Art vun Termometer?
  3. E Kannd wat de Schnapp huet an dowéngst d’Nues komplett zou, kann nuets net gutt schlofen an ass dementspriechend den Dag drop midd, doniewt kann en Houscht als normalen „Abtropf-Effekt“ optrieden, ounie awer dass d’Kannd elo awer gréisser krank ass. Trotzdem huet et 3 vun den opgezielten Symptomer.  Wéi sinn d’Kriterien fir ze entscheeden ob d’Kannd doheem muss bleiwen a ween trëfft d‘Entscheedung? Wat ass wann d’Elteren anerer Meenung sinn wéi d’Schoulpersonal?
  4. Familljen mat klenge Kanner an/oder mat méi Kanner riskéieren wéngst deenen méi strengen Dispositiounen ëfters am Fall ze sinn wou een oder méi Kanner doheem musse bleiwen an dat méi heefeg wéi viru Corona. Gëllt fir déi Fäll wou d’Kanner wéngst deenen opgezielte Symptomer doheem musse bleiwen en extra Congé Familial oder mussen d’Elteren den „normalen“ Congé familial huelen, bzw wann deen net méi disponibel ass Congé huelen?
  5. Muss e Kannd, dat wengst engem oder méi vun deenen erwähnten Symptomer doheem huet misse bleiwen, bei en Dokter goen? E Certifikat vum Dokter bréngen well et doheem huet misse bleiwen? E Certifikat vum Dokter virweisen fir nees kënnen zréck an d’Schoul?
  6. Wéinie muss e betreffend Kannd en Test maache goen? Wéinie muss e Kannd an Isolatioun, Quarantäne?
  7. ...
Cloturée
par dans Éducation nationale, Enfance et Jeunesse
Cloturée par | 2.7k vues

4 commentaires

Merci fir är Fro. Mir wäerten eng Question parlementaire dozou stellen. Mir haalen Iech um laafenden

Héi schon e puer Äntwerten op är Froen:

 

1. Wéi den Educatiounsminister an senger Pressekonferenz sot, léit et un den Eltere fir ze entscheeden.

 

2. Hien sot och, dass d'Schoul net wäert Temperatur moossen. "Dat ass net d'Aufgab vun der Schoul" an "et kann zu Feelentscheedunge kommen". (+/- Minutt 50 vun der Pressekonferenz wann der op Youtube nach eng kéier wëllt lauschteren  https://www.youtube.com/watch?v=33StWo4CMlA ).

 

3. Des Fro kënnt an d'Question Parlementaire

 

4. Des Fro och

 

5. Des For och. Wann ee Kand ee vun den Haaptsymptomer oder 2 Niervensymptomer huet muss et doheem an "Quarantän" bléiwen. Ass ee bis infizéiert gëtt een isoléiert. Besteet de Verdacht vun enger Infektioun muss een a Quarantän.

 


D'Fro vun Congé pour raisons familiales ass gëschter schon am Paperjam beäntwert ginn. Hei fannt der deen ganzen Artikel:

https://paperjam.lu/article/covid-19-pas-limite-garder-son?fbclid=IwAR3rXKGoXVYcEzlNKFTWAVn4KTpcVZfBtf0D2pG_Vn4ncG6t5jicPmtrnMs 

Gudde Mëtteg,

E grousse Merci fir är Reaktivitéit an ärt Engagement an ech wëll elo op dëser Plaz d'Gelegenheet notzen fir iech ze schreiwen, dass ech beandrockt sinn vun der Initiative a Feedback mat/bei FRO.LU.

Et ass berouhegend ze wëssen, dass een och als normale Bierger d'Méiglechkeet huet fir Froen un d'Parlement ze stellen, ounie à la Luxembourgeoise mussen ee kennen deen ee kennt.

Esou funktionnéiert Demokratie.

Maacht weider esou.

MbG,

Louis John

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Moien mir hunn är Fro déposéiert. 

https://www.piraten.lu/fro-lu-open-froen-fir-drentree-2020/

Mat beschte Gréiss,
par
sélectionné par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.