FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+5 votes
250 vues
Ech hunn haut eng Äntwert kritt vun der Police Grand- Ducale nodeems ech Accès vu mengen données personnelles gefrot hunn.

Et heescht:

Il résulte de nos recherches que la Police Grand-Ducale ne traite pas de données à caractère personnel vous concernant dans ses fichiers< Fichier central, Journal des incidents, Informations policières>

Ech sinn 2x verhaft ginn, 1984 a 1996, 1984 hunn ech 13 Méint Sursis kritt, war 2 Mol 1 Dag an Untersuchungshaft, si 1996 mat Mandat européen vun der Police gesicht ginn. 2009 ass eng Plainte géint mech gemaach ginn, 2010 hunn ech eng Plainte géint ee gemaach. An nach Villes méi.

Hunn och bei der Douane ugefrot an do steet Alles vu mär dran wat 1996 iwwert mech enquetéiert ginn ass.

Déi Informatioune vun der Police dass NÄISCHT iwwert mech ze fannen ass sinn net korrekt.

Ech ka mer dat just esou erklären dass an denen läschte 10 Joer näischt méi iwwert mech ze fannen ass awer virdrun mat Secherhet jo!

Si vläit do all an Teschenzäit archivéiert "Affairen"net berücksichtegt ginn?

D´Magistratur huet awer nach emmer Zougang zu dëssen "archivéierte Fichier´en" si sinn net geläscht an NET vergiess no bal 25 Joer.

All Richter an all Procureur kann se nach ëmmer gesinn, an dat no 25 Joer.

Wann dat keng Parlamentaresch For wäert ass da wenden ech un eng aner Oppistiounspartei.

Merci.
Cloturée
par dans Justice
Cloturée par | 250 vues

1 commentaire

Do gi mer erem fir blöd gehalen. Police äntwert dass Näischt géint de Mann virläit.

A wéi engen Zäitraum?

Déi läscht 3 Joer? Jo wahrscheinlech, dommadder versicht Police sech aus der Affair ze zéien.

Sinn all d´Affairen vun dem Mann vun 1996 geläscht?

Firwat huet Douane nach Alles an hiere Computere stoen wat de Mann deemools "gestiecht" huet.

Wär et net un der Zäit 25 Joer al Antécédant´en vun dem Mann an allen anere Bierger endlech definitiv ze läschen?

De Parquet kann déi al Kamellen nach emmer "desarchivéiere" loossen an dat ass net an der Rei!!!

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Votre question est acceptée et enregistrée sous le n° 1027.

Vous trouverez la question et la réponse sur le site de la Chambre des députés:

par
edité par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.