FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Answered
1.4k views
Gudden Owend,

Säit Meint, jo bal 2 Joër, gëtt um Viaduc Mënsbësch op der A1 "geschafft". En never ending Chantier deen dann elo, villäicht, an seng läscht Phase geet. Wat secher ass, ass datt all d'Léit schonn baal 2 Joër genervt sinn.

Deemno, mat dem Ufank vum "néien" Chantier läschten Freiden, wir et villäicht elo den Moment fir bei der Mme Minister fir ëffentlech Aarbechten folgendes nozefroen:

- Wisou dauert déi mise en état vun dem Viaduc Mënsbesch esou laang?

- Ass den Chantier deen den 11. Juli 2025 ugefaang huet an, no der Ennerbriechung vum Kollektivcongé, den 15. September 2025 soll färdeg sinn, elo déi läscht Interventioun op dem Viaduc Mënsbesch an et kann een ab dem 15. September erem normal iwwert d'Autobunn fueren ouni d'Vitess missen op 70 eroofzefueren?

- Falls nët, mengt Madame Minister nët datt elo endlech misst den Punkt gemaach ginn an déi Aarbechten ee fir allemol oofgeschloss ginn?

- Kann d'Madme Minister uginn wisou fir dësen Chantier keng Ausnahm zum Kollektivcongé gefroot gouf?

Merci.

Mat beschten Gréiss.
in Mobilité et Travaux publics by
Answered by | 1.4k views

^1Feedback - Your Parlementary Question has been accepted

Best answer

Gudde Moien,


mir hunn haut eng QP dozou deposéiert.

Merci a mbG


by
selected by
Welcome to FRO.LU. You can propose parliamentary questions, which Members of Parliament Sven Clement and Marc Goergen formally submit to the government. The official responses from the responsible ministers are then published on this platform.