Den EU Justice Scoreboared verglach all Joer déi verschidde Gerichtssystemer am Europa. Lëtzebuerg huet de um mannsten digitaliséierte Justizsystem an Europa (Fig 42 & 47). Et ass ee vun nëmmen 3 Länner wou Parteien net kennen hir Dossieren online verfollegen. An et ass den eenzege Land den seng Justizinformatiounen am Internet net an all Landessproochen zougänglech mécht. Och um e-Justice Portal ass Lëtzebuerg den eenzege Land wou näischt digital geet. Dowéinst meng froen:
	
	- Wat ass de Plang fir d'Justizsystem ze moderniséieren a mei transparent ze maachen?
	- Wat sinn déi gréisste Schwieregkeeten, déi d'Digitaliséierung vum Lëtzebuerger Justizsystem bis elo bremsen?
	- Wéini wäerte Verhandlungspartien Dossieren um Internet kënne verfollegen?
	- Gett et Pläng de Portal  justice.public.lu op all Landessproochen accessibel ze maachen? Wan net, fir wat?
	- Huet Lëtzebuerg Hëllef vum EU Justice 2021-2027 oder ë anere EU Programm fir'd Justizdigitaliséierung ugefrot?
	- Gett et Statistiken iwwer de Delai vun Dossieren ewell Dokumenter nitt beim Gericht ukoum sinn? Ë ëffentlech Noverfollegungssystem géif esou eppes transparent maachen an de Prozess mei effizient.