Emmer méi Educateurs gradués, wat engem Bachelor-Diplom entsprecht, versiche gären d'Méiglechkeet vum Quereinsteiger am Enseignement fondamental ze probéieren.
Virun deem Hannergrond, folgend Froen un den Edukatiounsminister:
- Wéivill Eudcateurs gradués hu bis dato vun där Méiglechkeet Gebrauch gemaach?
- Ass d'Méiglechkeet vum Quereinsteiger am Enseignement fondamental net eng concurrence déloyale vis-à-vis vun den anere soziale Beruffer wou dat Personal duerno eventuell fehlt?
- Hänkt déi Demande eventuell matt enger mi schwaacher Entlounung vum Educateur zesummen?
- Wéivill Quereinsteiger gouf et insgesamt säit der Aféierung vun där Méiglechkeet a wéi ass den taux de réussite?
- Färt den Edukatiounsminister net, datt di héich Zuel u Quereinsteiger zu engem Malaise matt de sëlleche Chargés de coursen féiert déi dee selwechten Job eventuell scho vill méi laang maachen?
- Ass et envisagéiert de chargés de coursen, opgrond vun hire compétences acquises iwwer d'Erfahrung am Beruff, iergendwann di identesch favorabel Méiglechkeet an Aussiicht ze stellen wéi de Quereinsteiger?