FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+4 votes
81 vues
Eng Rei Leit déi fräiwelleg vir de CGDIS aktiv sin, krute säit Meint nach keng Indemnitéit vir hir Permanence respektiv hir Asäz, respektiv kee Kilometergeld vir hir gefuere Kilometer am Déngscht vom CGDIS. Trotz allem gin et awer Leit déi hir Indemnitéite a Kilometer scho laang ausbezuelt kritt hun.

Dovir folgend Froen un d'Mme Minister:

- No wéienge Critèren gëtt de Paiement vun Indemnitéiten a Kilometergeld beim CGDIS geregelt an ausgeféiert?

- Gin et Ënnerscheeder bei de Prioritéiten vum Paiement?

- Wouvir gin des Indemnitéiten a Kilometergeld net reegelméisseg ausbezuelt?

- Wéi ass d'Formel no där des Paiementer gerechent gin?

- Gin et Engpäss beim Personal wat vir d'Comptabilitéit vun desen Ausbezuelungen zoustänneg ass?

- Wéi ass et méiglech dass an Zäite virun der Existenz vum CGDIS et nie Problemer am Beräich vum Ausbezuele gouf?
par dans Intérieur | 81 vues

FYI : https://twitter.com/gdlsecours6/status/1154705620194463745
Moien,

mir haaten eng äänlech Fro zu de nach net bezueltenen Indemnitéite gestallt. Gräifen dës Froen Är op?

https://www.piraten.lu/indemniteite-fir-dfraeiwelleger-vum-cgdis/

Mat beschte Gréiss,

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.