FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+1 vote
133 vues

All déi Léit déi een Hond besetzen, sief et „potenziell geféierlech Hënn“ oder och net, sen sech wuel doriwwer eenz, dass eng Rass absolut neicht iwwert den Hond ausseet. Een Chihuahua kann duerchaus genau sou aggressiv an geféierlech sen wei een Schäferhond. Den Ausmoß ass vielleicht net den nämlechten, an trotzdem besteet den Risiko. 

Deementspriechend stellen ech d‘Fro, ob des Rassen-Lëscht, déi, ofgesin vum diskriminéierenden Karakter zousetzlech irrelevant ass, well inkomplett; net och nach ennerschwelleg Diskriminatioun an d‘Stigmatisatioun bei Menschen ennerstetzt? 

Am idealfall kreien mir alleguer als Kand erklärt dass d‘Ausgesin vun engem Mensch neicht iwwert seng Perseinlechkeet ausset. Firwaat get daat bei den Hënn also ennerstetzt?!

Méi Sënnvoll, wier et ALL Hondbesetzer ze verantwortlechen andeems den Hondsführerschein landesweit, Rassenonofhängeg pflicht ass genausou wei d‘Besiichen vun enger Hondschoul! Dest kann mat Hellef vun den Hondschoulen an Vétérinairen kontrolleiert gin. Wann jiddereen Pflichten huet, fir een Hond ze besetzen, get hoffentlech och den Fall net mei dass den Hond als Gadget geholl get, an wann deen bis ze deier oder unstrengend get, bestenfalls, an den Asyl gestach get.  

Wann een Kand sech schlecht behëllt, bzw. een annert Kand kierperlech aggresseiert, gin d‘Elteren an Verantwortung gezun. Bei den Hënn soll an dierf et net annescht sen! Wann een Hond aggressiv, oder schlecht bishin zum guer net erzun ass, ass daat dem Besetzer seng Schold an net dem Hond seng! 

Ech hun d‘Hoffnung, dass des Fro tatsächlech gestallt get, well mech geif interesseieren waat fir argumenter d‘Regierung huet. Des lescht huet d‘Tierschutzgesetz geännert, dei jeglech unneideg Tierquälerei ennerbennt. Deen Hond, deen bei engem schlechten bzw unverantwortlechen Besetzer ass, ass Tierquälerei ausgesaat, well den Hond fir dem Mensch seng Feeler muss bezuelen!

D‘Belg huet an deem Gedanken ganz interessant, innovativ an tierschützend Moosnahmen getraff, an ech denken Letzebuerg kann sech do een Beispill huelen.

An der Hoffnung dass dei Fro weidergeet an d‘Denken unreegt; an eventuell souguer eng Reform an deem Bereich endstoen kann.

par dans Agriculture, Viticulture et Développement rural
rouvert par | 133 vues

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.