FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+1 vote
134 vues

Während dem Konfinement 2020 huet den Minister eng sëlleg  Ipad´en akaft fir deene Kanner zur Verfügung ze stellen déi net déi technesch Méiglechkeeten doheem haten fir online können um Unterricht deel ze huelen.

 

-Wéivill Ipad´en sinn dee Moment akaft ginn?

 

-Wéi eng Ipad Modeller waren dat genau?

 

-Wéi héich war de Montant fir dëst informatescht Material anzekafen?

 

-A wéi enge Schoulen genau sinn dëss Ipad´en zum Asaatz komm?

 

-Wéivill Schüler kruten en Ipad gléint fir können um Unterricht deelzehuelen?

 

-Wéivill vun deenen geléinten Ipad´en sinn net erëm komm, bzw waren nom ausléinen futti?

 

-A wéi enge Schoulen oder soss staatlechen Arrichtungen  sinn déi zéreck gekommen Ipad´en momentan am Gebrauch?

 

Cloturée
par dans Éducation nationale, Enfance et Jeunesse
Cloturée par | 134 vues

3 commentaires

Gudde Moien,

D'Fro ass haut vum Minister beäntwert ginn, 66 Ipaden goufen ausgedeelt, 7 Ipaden sinn net zréck komm, 1 war futti.

Wann soss nach Froe bleiwen, zéckt net.

Mat frëndleche Gréiss,
Merci dass Dir dëss Fro gestallt huet.

7 Ipad´en sinn also geklaut ginn, huet de Ministère eppes dogéint ënnerholl? Rapeller gescheckt fir dem Steierzueler seng Ipad´en zéreck ze reklaméieren? Plainte gemaach?

Oder ass dat an der Rei esou, da froen ech mer mol e puer Ipad´en fir meng Kanner.

MbG

Gudde Mëtten,


Natierlech sollen all dës Ipaden erëm hier Wee an de Besëtz vum Staat fannen. Mir sinn sécher, dass d'Beamten hei hirer Aufgab laut Artikel 23 vum Code de la procédure pénale nogaangen sinn an hiert d'Méiglechst maachen, fir des Apparater erëm ze kréien. 


Mat frëndleche Gréiss,


1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Moien,

Mir entschëllegen eis fir den Delai. Mir hunn är Fro un de Minister weidergeleet. Dir kënnt se hei noliesen: 

https://piraten.lu/fro-lu-verdeelten-ipaden/

Den Delai fir eng Äntwert ass wéi ëmmer 1 Mount. Mir soen wéi ëmmer bescheed wann d'Äntwert bis do ass.

mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.