FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+1 vote
156 vues

D'Lëtzebuerger Kathoulesch Kierch huet iwwert déi lescht Joëren hir Kiercheregester scannen geloss an stellt se (am Respekt vun der gesetzlecher Schutzfrist) via de Site https://data.matricula-online.eu/de/LU/luxemburg/ fräi zur Verfügung.


Iwwert dëse Wee kann jiddereen, vun Schüler/Student, einfachem Bierger bis professionellen Ahnenforscher, Recherche maachen iwwert Famillen vun „deemols“ an et kënnen och ganz Duerfchroniken analyséiert ginn.


Ass dës Digitaliséierung  a Publikatioun och geplangt fir déi al Gemengen-Populatiounsregëster? Ginn dës Bicher och demnächst fräi verfügbar gemaach fir d’Allgemeinheet?


Zesummen mat de Kierchebicher, den alen Zeitungen (https://eluxemburgensia.lu/) wieren dës offiziell Gemengendokumenter eng enorm wäertvoll Informatiounsquell fir all Interesséierten.


Cloturée
par dans Intérieur
Cloturée par | 156 vues

1 commentaire

Gudde Mëtten,

Haut koum eng leider éischter enttäuschtent Äntwert vun der Ministesch. D'Zil fir al Populatiounsregisteren online ze setzen, also 18-20st Joerhonnert, schéngt net verstaane ginn ze sinn.https://piraten.lu/fro-lu-digitaliseirung-vun-ale-populatiounsregester/

mat frëndleche Gréiss,

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Mëtten,

Merci fir dës intressant Fro. Mir hunn se un d'Inneministesch weidergeleet, dir kënnt se hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-digitaliseirung-vun-ale-populatiounsregester/

Eng Äntwert kënnt normalerweis innerhalb vun engem Mount. Mir soen Iech hei nach eemol Bescheed wann et souwäit ass. 

Bis dohin,

Mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.