FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
0 votes
114 vues


Gudden Owend,

Et ass nawell endlech gewosst dass Anti-SARS-CoV-2 (Anti-Spike
Protein) Antikierper permanent ofhuelen bis op e Punkt wou een net méi genuch geschützt ass an erëm riskéiert e schwéiere Verlaf vum Virus ze kréien.

No 2 Impfungen mat Biontech hunn ech mech 8 Wochen no der 2. Impfung 
ob Antikierper teste geloss an hat den 12.05.2021 e Wert vun 3290 UA/ml.

Knapp 6 Wochen dono, den 09.07.2021 hat ech just nach e Wert vun 1373UA/ml. (Labowerter op Nofro gäre per Email)

Haut sinn ech wahrscheinlech, wéi vill anerer, guer net mei geschützt an awer ass mäi Covid Certificat nach bis Abrëll 2022 gülteg.

-Gedenkt d´Regierung der ganzer Bevölkerung virun Enn dëss Joer eng Booster Impfung unzebidden?

-Wann net, wéi eng Bierger oder vulnerabel Leit kréien eng Booster Impfung ugebueden?(Janssen® geimpfter net matgezielt).

Merci.
MbG

par dans Santé | 114 vues

3 commentaires

Gudde Moien,

Een Deputéierten vun der CSV huet eng liicht ofgeännert Versioun vun dëser Fro virun e puer Deeg un d'Ministesch gestallt an haut koum d'Äntwert:

https://chd.lu/wps/PA_RoleDesAffaires/FTSByteServingServletImpl?path=786EDBE229D8DEE5E509D2FE6D6FC620987CD3160971D34553532516EF6BE30380B9BF507EA62AB5F900C3315BE790AC$32686DD9AD73956ACBBB8489FAB24CE2

D'Regierung wäert sech also eréicht positionnéieren wann dësen Avis do ass. Den Avis gëtt eréicht spéider um Site vun der Santé publizéiert.

Wann den Avis ëffentlech ass, wäerten mir nach eemol nofroen, falls Froe bleiwen.

Mat frëndleche Gréiss,

Dat do gëtt et dach net!

Et gesäit aus wéi wa vulnerabel Leit déi an de Phasen 1 an 2 geimpft goufen mol keng booster Impfung ugebuede kréien, dat kann dach net sinn.

A wéi ass et mat Leit déi schonn 6 Méint hier zweet Impfung hannert sech hunn an d´Antkierpewr bewisenermoossen jo permanent ofhuelen, dëss Leit i jo dann och net genuch geschützt.

A wéi ass et mat Leit déi einfach gären eng 3. Dosis hätten fir besser geschützt ze sinn dass se sech net ustiechen?


Mussen d´Leit déi gären eng Booster Impfung hätten dëss aus eegener Täsch bezuelen oder kréien déi Leit einfach eng 3. Impfung verweigert?

Entscheed elo den CsMI wen sech däerf impfe loossen a wen net?



Bonjour,

 

Mir verstinn är Frustratioun, d'Pirate sinn awer der Meenung dass een op d'Experte vum CSMI muss lauschteren. Dës hunn vun Ufank un mat hiren Avisen d'Impfpolitik vun der Regierung definéiert. 


"

  1. Le CSMI tient à rappeler qu’il n’existe pas à ce jour de donnée confirmant que le rapport bénéfices/risques d’une dose de rappel est favorable à titre individuel chez des personnes jeunes ni chez les personnes dont le système immunitaire est fonctionnel, y compris chez les personnes à risque de forme sévère de la maladie.


    Pour les personnes qui ont bénéficié d’une dose additionnelle (3ème dose dans le cadre de la primovaccination) en raison d’une immunosuppression sévère, d’une greffe d’organe ou d’une dialyse rénale, l’intérêt d’un rappel n’a pas encore été évalué ; pour ces personnes, le CSMI ne recommande pas l’administration d’un rappel à ce stade des connaissances."


    https://sante.public.lu/fr/espace-professionnel/recommandations/conseil-maladies-infectieuses/covid-19/covid-19-annexes/recommandation-booster-vaccin-CoV-apres-une-primo-vaccination.pdf


Mënschen iwwert 65 Joer a Santéspersonnal kënnen eng 3t Impfung kréien. Extrem Vulnerabel Mënschen haaten dës Méiglechkeet schonn an eng Réi Leit hu sécherlech schonn dovun profitéiert.


 Eng drëtt Impfung ass leider ouni den Accord vum CSMI net méiglech, och wann dir bereet wiert dës selwer ze bezuelen. 


D'Experte vum CSMI hunn d'Situatioun am Bléck, a wann eppes vun dëser Strategie muss geännert ginn, wäerten si der Regierung an eis all dëst matdeelen. Mir bleiwen ëmmer accessibel, falls dir Froen zur Impfcampagne hutt.


mat frëndleche Gréiss,

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.