FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+2 votes
162 vues

Wéi ass et méiglech dass am ganze CHEM op deenen 3 Siten am August zënter 2 Wochen keen eenzegen Chirurg schafft fir eng Chirurgie générale? 


All d´Chirurgen si mateneen am Congé, dat kann dach net sinn, nee dat ass souguer e Skandal!


Ech hunn eng Iwwerweisung vu mengem Dermatolog fir e potenzielle Hautkriibs eraus operéiert ze kréien mee ech hätt missen 3 Woche waarden well am CHEM keng Chirurgen do sinn. Sinn dunn an de CHL gaangen déi d´Gefor direkt erkannt hunn an de Melanom op der Plaatz eraus operéiert hunn ier e konnt stréeën.


Zu Nidderkuer am CHEM fänk op mannst 1 Chirurg erëm den 23. August u mat schaffen, och dann eréischt kann een uruffen fir e RDV ze kréien wou et wahrscheinlech nach 1 Woch wäert daueren wäert bis een dann endlech e RDV kritt.


3 Wochen mat enger Zäitbomm am Kierper ronderëm ze lafen déi all Moment kann explodéieren ass net zoumutbar.


Vu wéi engem Zäitraum genau war am CHEM kee Chirug am Dingscht well se all zesummen an der Vakanz waren?


Wéi ass et méiglech dass an engem Spidol wéi dem CHEM 2 Wochen iwwerhaapt keng Chirurge do sinn?


Wat leeft do organisatoresch falsch dass et zou sou Mëssstänn kennt déi fir d´Patienten schwéier Folgen können hunn? 


Wen ass do am CHEM verantwortlech fir de Planning ze maachen wen wéini an de Congé geet?


Oder können Dokteren einfach eegemächteg entscheeden wéini Si an de Congé ginn oder net wuelwëssend dass hier Kollegen am selweschten Zäitraum am Congé sinn an d´Chirurgie an der Policlinique dann net besat ass?


Misst an sou engem grousse Spidol wéi dem CHEM net op mannst op engem Site vläit ee  Chirug do sinn fir eventuell Chirugien können ze assuréieren?



MbG


Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 162 vues

1 commentaire

Gudde Mëtten,

Haut koum d'Äntwert vun der Ministesch déi dir wéi gewinnt hei kënnt noliesen:

https://piraten.lu/santesservicer-am-summer/

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Schéine Gudde Mëtten,


Mir bieden ëm Entschëllegung fir déi spéit Äntwert. Et deet eis Leed ze héieren, dass Dir mat Äre gesondheetleche Problemer net am CHEM konnt gehollef kréien.


Mir hunn zu dësem Thema eng ganz allgemeng Fro un d'Ministesch gestallt déi dir hei kënnt noliesen: https://piraten.lu/santesservicer-am-summer/

Wéi gewinnt wäert d'Äntwert an ronn engem Mount accessibel sinn, an mir soen Iech wéi gewinnt dee Moment hei Bescheed.


Wat äre ganz konkret Situatioun ugeet kënnt dir iech, wann dir wëllt, iwwert https://www.chem.lu/patients-et-visiteurs/hospitalisation/service-relations-patients iwwert d'Congésreglementer am CHEM beschwéiere.


Mat frëndleche Gréiss,

par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.