FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+3 votes
276 vues

Bei engem positiven PCR Test gëtt Resultat un den Gesondheet ‘s Ministere iwwermettelt vum Laboratoire.

 

Équipe vum Contact Tracing hellt doropshin Kontakt mat der betraffener Persoun an eng “Mesure d’isolement” gëtt ordonnéiert .

 

Lo ass et awer sou dass dat positiivt Resultat, den Numm vun der Persoun, Kontakt Nummer an E-mail Adress un den LIH (Luxembourg Institute of Health) weider gereecht ginn fir eng Étude iwwert den Covid.

 

Déi Donnéeë ginn un den LIH weider gereecht ouni Averständnis vun der betraffener Persoun anzehuelen.

 

Ech gesinn dat als problematesch , dass hei perséinlech Donnéen un eng drëtt Partei weider gereecht ginn ouni en Accord ze froen, bezéiungsweis een ze informéieren.


Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 276 vues

1 commentaire

Gudde Moien, 

Gëschter koum d'Äntwert vun der Ministech. Eis Froen goufen awer net beäntwert, dofir huet de Sven Clement decidéiert, fir no ze froen. Mir wäerten Bescheed soen, esou baal dës 2t Äntwert do ass:

https://piraten.lu/invitatiounen-zur-long-covid-etud/

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Gudde Moien,

Mir soen Merci fir all dës Informatiounen.

Mir hunn an dem Kontext eng Fro un d'Gesondheetsministesch gestallt. Dir kënnt se hei noliesen:

https://piraten.lu/invitatiounen-zur-long-covid-etud/

Falls néideg wäerten mir op Basis vun der Äntwert wéider nohaken.

Wéi gewinnt, wäert et ongeféier een Mount daueren bis eng Äntwert kënnt, deen Moment wäerten mir Bescheed soen.

Mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.