FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+3 votes
211 vues

An den Entwerten vun der Gesondheetsministesch ob QP 4549 an QP 4556 vum 28.07.2021 heescht et:

 

Eng nei Ausschreiwung gouf den 28 Abrëll 2021 publizéiert. Et war eng Procédure européene ouverte accélérée ». Den Datum vun der Remise vun den Offeren war den 12. Mee 2021. Et ass eng eenzeg Offer erakomm. No der Analyse vun dëser Offer gouf en parallelle den néidegen Budget beim Finanzministère ugefrot.

 

Kann de Finanzminister eis soen:

 

Wéivill Budget ass do ugefrot ginn?

Fir wéi eng Quantitéiten gëtt den ugefrotene Budget genehmegt?

Fir wéi eng Dauer gëtt den ugefrote Budget genehmegt?

Wen ass de Fournisseur deen zereck behale gouf?

Wéi eng Zorten medezinesche Cannabis sinn am Budget virgesinn?

Ass am Budget och Cannabis Uelesch agerechent dee jo elo soll mat bestallt ginn?

Wéi séier gedenkt de Finanzminister de Budget ze accordéieren?

 

Villmools merci am Viraus.


Cloturée
par dans Finances
Cloturée par | 211 vues

1 commentaire

Gudde Moien,

D'Ministesch huet elo op d'Fro geäntwert, dir kënnt se wei ëmmer um Site noliesen. Et sinn ronn 30kg fir 3 Miliounen € fir 2021 bestallt ginn.

MfG

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Moien,

Mir hunn op Basis vun äre Froen eng Qp ausgeschafft, déi dir hei kënnt noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-neie-fournisseur-fir-medezinesche-cannabis/

Wéi ëmmer wäert et ongeféier 1 Mount daueren bis d'Äntwert do ass.

Mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.