FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+2 votes
110 vues

Gudde Moien,


als ee vu ville Fräiwëllegen, déi sech déi läscht Woch (trotz der viller negativer "Publicitéit" déi et ëm den Impfstoff vun AstraZeneca gouf a gëtt) mam Impfstoff Vaxzevria impfe gelooss huet, stellen ech mir mëttlerweil eng Rëtsch Froen zum Intervall tëscht deenen zwou Impfdosissen. Dëst virun allem, well an Däitschland dës Thematik déi läscht Woch an de Medien opgegraff a kritesch hannerfrot gouf, nodeems den däitschen Gesondheetsminister en vue gestallt huet den Intervall tëscht den Impfungen op 6 Wochen erofzesetzen. 


Hei zu Lëtzebuerg huet d'Santé dësen Intervall och ouni weider Erklärungen bei deenen Fräiwëllegen vun 10 op 8 Wochen erof gesat. Laut enger internationaler Étude, déi am Fachmagazin "The Lancet" publizéiert gouf, gëtt wëssenschaftlech beluecht, dass duerch d'Verkierzung vum Intervall d'Effikassitéit vum Schutz vun der Impfung dramatesch ofhëlt. Grad op dësem Argumentaire vun der Effikassitéit gouf den Intervall am Februar duerch d'Santé vu 4 op 10 Wochen eropgesat. Den Dr. Jean-Claude Schmit huet iwwerdeems bei 5minutes.rtl.lu (5.5.2021) argumentéiert, et géif just eng eenzeg Étude ginn, déi de Notzen vun engem méi laangen Intervall géif beleeën, an dass d'Verkierzung "organisatoresch" Grënn hätt. Hei déi verschidde d'Quellen als liens: 


https://www.thelancet.com/journals/lancet/article/PIIS0140-6736(21)00432-3/fulltext


https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2021/02-fevrier/17-intervalle-vaccin-astrazeneca.html


https://5minutes.rtl.lu/actu/luxembourg/a/1717098.html


Meng Froen un d'Madame Ministesch an un d'Santé wieren dementspriechend:


  • op wéi enger wëssenschaftlecher Grondlag dës nei Verkierzung decidéiert gouf, wuelwëssend dass d'Effikassitéit vum Vaccin ofhëlt, wat den Intervall tëscht den zwou Impfungen méi kuerz ass.
  • wat déi tatsächlech Beweeggrënn vun der Santé fir dës Verkierzung waren/sinn. Ëm wat fir "organisatoresch" (Dr. Schmit) Grënn et bei der Verkierzung vum Intervall gëtt?
  • wisou een net deene betraffene Leit de Choix léisst, wéini si sech fir d'zweet impfe loossen, fir hinne selwer ze iwwerloossen dee bescht méigleche Schutz duerch d'Impfung mat Vaxzevria ze erhalen. Dëst wuelwëssend, dass d'Leit sech fräiwëlleg (!) domadder impfe geloos hunn, obwuel laut wëssenschaftlechen Étuden dëse Vaccin net grad esou effikass ass, wéi aanerer. 
  • wat geschitt, wann ee refuséiert op dee RDV no 8 Wochen ze goen, an doropp insistéiert méi spéit fir d'zweet geimpft ze ginn.
  • ob een eventuell d'Méiglechkeet envisagéiert déi zweet Dosis bei sengem Hausdokter ze kréien.

mat beschte Gréiss
fermée avec la mention voir commentaire
par dans Santé
Cloturée par | 110 vues

1 commentaire

Gudde Moien,


Dës Fro gouf virun kuerzem schonn vun enger annerer Partei gestallt. D'Fro an d'Äntwert kënnt dir hei noliesen:


https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doQuestpaDetails&id=21384 


Aus der Fro geet leider och indirekt eraus, dass d'Santé net bereed ass den Delais individuel no hanne ze verleën.


Falls mir Iech awer soss nach kënnen weiderhëllefen, soot eis bescheed.


Mat frëndleche Gréiss,


Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.