Moien,
6 Wochen hunn ech missen op eng einfach Biopsie waarden, onzoumutbar Zoustänn fir Leit déi 6 laaanger Wochen an der Ongewessheet a mat vill vill Angst an souguer Depressiounen mussen liewen ier se gewuer ginn op se dann elo Kriibs hunn oder net.
Wéi ech beim LNS nogefrot hunn firwat dat soulaang dauert krut ech geäntwert si hätten einfach net genuch Pathologisten fir déi vill Biopsien ze maachen. Ausserdem hätten se momentan(also ëmmer) e "klenge" Retard. (Covid Excusen kann ech och schonn net méi héieren)
Wéivill Biopsien kritt den LNS pro Mount eran?
Wéivill Pathologen sinn am LNS beschäftegt?
Vu wou kennt déi laang Waardezäit vun deelweis 6 Wochen?
Gi Biopsien der Rei no traitéiert wéi se era kommen oder gi verschidde Biopsien "bevorzugt" behandelt?
Firwat ginn net méi Pathologisten agestallt dass den Délai vun der furchtbar laanger angstvoller Waardezäit fir de Patient ier e seng Diagnose kritt endlech drastesch ka verkierzt ginn?
Huet de Staat net genuch Suen fir méi Pathologisten anzestellen oder wou ass de Problem fir der méi anzestellen?
Ass den quasi jo nach neien LNS schonn iwwerfuerdert mat der Unzuel vu Biopsien oder huet den LNS etwa net genuch Kapazitéiten( Aarbechtsstatiounen fir d´Pathologisten)?
Wéi kann et sinn dass verschidde Pathologisten vun doheem aus schaffen? Ass dat nach seriö? Mär ass um Telefon gesot ginn dass Pathologisten och vun doheem aus schaffen! Wéivill Pathologisten schaffen vun doheem aus a wéivill Deeg d´Woch schaffen se vun doheem aus? Firwat schaffen se vun doheem aus, gett et dofir e plausibele Grond? (Net genuch Kapazitéiten/Aarbechtsstatiounen fir d´Pathologisten)?
Ginn et Pläng vun der Regierung dëss onmenschlech Waardezäiten duerch Astellung vu Personal a weideren Aarbechtsstatiounen fir d´Pathologisten drastesch können ze verkierzen?
Aus eegener Erfahrung kann ech soen dass ech an Däitschland schonn oft Kolo/Gastroskopien, Melanom/Lipom etc Entfernung an aner Agrëffer gemaach kritt hunn, dat a private Praxen an d´Resultat vun de Biopsien 3 Deeg dono kritt hunn.
Dofir meng läscht a wichtegt Fro:
Kann ee mat senger Biopsie déi zu Lëtzebuerg an engem Spidol eraus geholl ginn, an déi ee sech jo wahrscheinlech ka froen, an e private Labo z.B an Däitschland brengen wou ee säi Resultat spéitsdens 3 Deeg dono huet?
Wa jo wéi gëtt dat rembourséiert vun der CNS, wann nee, firwat geet dat net?
Merci am Viraus.
MbG