Gudde Mëtten,
Ech probéieren z'erklären.
Aus der Äntwert vum Minister geet ervir, dass net d'office een Dossier/een Rapport bei enger Revue geschriwwe gëtt. Fräi iwwersat heescht et: Kontrolldokteren dierfen näischt un den Rapporten vum normalen Dokter änneren. Nëmmen wann den Patient dëst ausdrécklech freet, dierfen si eng Diagnos ofginn oder een Traitement virschloen.
Ob Pabeier kënnt dat ganzt also nëmmen wann den Patient ausdrécklech dono freet.
Esou mat wier déi vereinfacht Äntwert op d'Fro 1.: Jo, mee nëmmen no der (héchstwarscheinlech schrëftlecher) Demande vum Patient.
Eng Diagnose ouni Erlaabnis vum Patient ass net virgesinn.
2) Am Artikel 421 vun Code steet dass:
Le contrôle médical de la sécurité sociale effectue les examens médicaux dans les cas prévus par les lois, règlements ou status ou lorsqu’il le juge nécessaire à la bonne exécution de ses missions et convoque à cet effet les assurés.
Den Contrôle médical huet also d'Rescht Employéen ze convoquéieren.
D'Fro 3 kënnt erëm op d'Fro 1 zréck.