FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+5 votes
136 vues

"Audience publique du ..." steet op 24397 Urteeler vum Verwaltungsgeriicht op hirem Site http://ja.etat.lu (Stand 4.10.2020).

D'Verwaltungsgeriicht huet 1996 hiren Envol geholl a këmmert sech em Asyldemanden, Steierfroen, Gehälterfroe beim Staat,  Baugeneemegungen a sonstegem Twist mam Staat.


Wisou kann eng Kummer (am Moment 4) sech em all déi verschidden Thematike këmmeren, misst dat net getrennt ginn ?

D'Convocatiounen zu de Verhandlungen sinn Zirka eng Woch online (https://justice.public.lu/fr/audiences/tribunal-administratif.html).


Um Ufank waren d'Nummer vun der Verhandlung an all d'Parteien erwäänt.
Als éischt, wéinst eventuellen Repressalien am Ursprongsland, sinn Nimm vun Asyl Demandeuren ewech geholl ginn.Vermuttlech wéinst Dateschutz, koumen natierlech Persounen no an elo och d'Personnes Morales, déi eigentlech net ënner déi Dateschutz Bestëmmunge falen.


Et gëtt esou guer Fäll wou d'Nummer vun der Verhandlung mol net méi verëffentlecht gouf:
https://web.archive.org/web/20181105165522/https://justice.public.lu/downloads.jurad/trib4.pdf !

En Urteel, wann et da rechtskräfteg gëtt an dëse Matière, stellt eng nei Realitéit teschent de Parteien duer, déi awer och de Public am allgemengen eppes ugoe kann (cf Google-Bissen, Wäiswampich).
Wann Deliberatiounen vum Urteel zu Recht net ëffentlech sinn an d'Verhandlung haaptsächlech schrëftlech mat e puer Plaidoyer vun den Affekoten, déi theoretesch dem Public zougänglech wieren, sou sollt d'Urteelsverkënnegung solennel an ëffentlech sinn. Steet jo drop!

Dem ass awer net esou, geschitt zum Beispill den 29.9.2020 wou déi 4. Kummer net manner wéi 17 Urteeler erlooss* huet, also insgesamt 365 Säiten.

Dovun 8 Urteeler zu de Panama Papers, also vun ëffentlechem internationalen Interessi.


Déi 365 Säiten eleng virzeliesen géif iwwer 6 Stonnen an Usproch huelen, mat engem à la Dieter Thomas Heck, also ass dat wuel kaum geschitt, esou um 17:00 no de Plaidoyer.


En plus, gëtt e jo ni am Virfeld gewuer wéini dann d'Urteel zu N°... gesprach gëtt.

D'Urteelsverkënnegung ass doduerch also de facto à huit clos !


D'Urteel gëtt dono dann den Affekote vun de Parteie vollstänneg zougeschéckt, mee de Public soll sech mat engem Urteel an anonymiséierter Form zefridde ginn.

 

Sollten d'Urteeler net ugekënnegt ginn an in extensio verkënnegt, fir valabel ze sinn ?


Firwat gëtt den Toun zum Beispill net gestreamt, am digitalen Zäitalter ?


Wisou ginn Nimm vu Gesellschaften ewech geholl ?


Gëtt iwwerhaapt hei den Dateschutz net iwwerdriwwen mat esou Geheimniskrämerei ?!



* Dat woren déi heiten:
https://ja.public.lu/40001-45000/42668.pdf

https://ja.public.lu/40001-45000/42329.pdf
https://ja.public.lu/40001-45000/42165.pdf
https://ja.public.lu/40001-45000/42041.pdf
https://ja.public.lu/40001-45000/42001.pdf
https://ja.public.lu/40001-45000/42000.pdf
https://ja.public.lu/40001-45000/41911.pdf
https://ja.public.lu/40001-45000/41621.pdf
https://ja.public.lu/40001-45000/41145.pdf

Panama Papers:

https://ja.public.lu/40001-45000/41073.pdf
https://ja.public.lu/40001-45000/41070.pdf
https://ja.public.lu/40001-45000/41069.pdf
https://ja.public.lu/40001-45000/41056.pdf
https://ja.public.lu/40001-45000/41043.pdf
https://ja.public.lu/40001-45000/40885.pdf
https://ja.public.lu/40001-45000/40884.pdf
an
https://ja.public.lu/40001-45000/40575.pdf

par dans Justice | 136 vues

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.