FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+6 votes
104 vues
Wéint kënnt et, dass 2019 nach musse Leit bäi mobilitéit.lu Doneeë manuell vun engem System (Hafas CFL) an den anere System (Hafas Verkéiersverbond) eriwwer kopéiere?

Ass dat vertriedbar, dass mobilitéit.lu esou ee schlechten an onverlässleche Service ubidd, wou Doneeëe regelméisseg ze al oder komplett falsch si?
par dans Mobilité et Travaux publics
reclassée par | 104 vues
Gudden Owend,

Hutt Dir do méi Informatiounen (gäeren och privat) wéi dat an der Praxis gehandhabt gëtt?

Bescht Gréiss,
Sven Clement

Ech hu keng haard Fakten, mä ech hat folgend Telefons-Gespréich mat enger Persoun vu mobilitéit.lu:

Ech: "Ech wollt froe wat elo aktuell wier, well äre Site seet d'Zich wieren annuléiert, an de Site vun der CFL seet se géinge fuere…"

mobilitéit: "Moment, ech froen no…"

mobilitéit: "Jo, d'Zich fueren erëm, mä mir si nach net dozou komm d'Informatiounen vun der CFL am System an ze droen."

Ech: "Dir maacht dat op der Hand?"

mobilitéit: "Jo".

Dat ass natierlech net belastbar an ech hunn d'Gespréich selbstverständlech net opgeholl, mä d'Praxis schwätzt dofir, dass dëst wierklech de Fall ass. 

An ech hu Screenshots vun den CFL a mobiliteit_lu Apps zu de jeeweilegen Zäitpunkten…

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.