FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+6 votes
357 vues
Virum Hannergrond vum rezenten Accident tëscht engem Won vun der Police an engem onbedeelegte Chauffeur beim Tunnel Cents op der A1 den 10.06.2019, deem eng Verfolgungsjuegd matt iwwer 170 Km/h vun engem aneren Auto virausgangen ass, stellen ech mir an dem Kader e puer Froën:

- Wéivill Accidenter an denen e Policeauto verwéckelt wor gouf et an de läschte 5 Joër?

- A wéivill Fäll gouf d'IGP matt Reklamatiounen/Plainte'en betreffend dem Fuerverhale vu Polizisten am Déngscht  vir de selchten Zäitraum befaasst?

- War, um Beispill vum spektakulären Accident vum 10.06.2019, respektiv deem trageschen Accident vum Abrëll 2018 wou e Polizist bei der Kollisioun vun 2 Policeween ëm d'Liewe koum, d'Verhältnisméissegkeet vun de Mëttel gin vir och onbedeelegt Verkéiersteilnehmer während enger course-poursuite a Gefor ze brengen, vu datt a béide Fäll de flüchtege Chauffeur e puer Deeg mi spéit konnt ermëttelt gin?

- Wéi gesäit d'Formatioun am Stroosseverkéier vir esou Poursuite'en bei Polizisten aus?

- Gëtt an esou Formationen besonnesch Wert op de Respekt vis-à-vis vun den anere Verkéiersteilnehmer oder Foussgänger geluecht?

- Wéivill Wert gëtt allgemeng op d'Relatioun tëschent dem Verhalen am Stroosseverkéier vu Polizisten am Déngscht an dem Image vun der Police geluecht?

- Wéi erklärt de Minister sech, datt ee ganz oft an der Bevölkerung héiert datt d'Police, am Géigesatz zu de Rettungsdéngschter beispillsweis, sech am Stroosseverkéier heefeg nët un de Code de la route hale géif, respektiv duerch en aggressivt Fuerverhalen opfale géif?
fermée avec la mention D'Fro ënnerstellt de Polizisten geziilt Fahrlässegkeet, wat mir als Piraten net ënnerstëten (siehe leschte Kommentar)
par dans Sécurité intérieure
Cloturée par | 357 vues

3 commentaires

Fannen dat eng gudd propose, allerdengs en besschen direkt geigendiwwer den Polizisten sou keint een den leschten Saatz streichen.

A wann Ee géif mi wait goen a froen wéivill Polizisten am Dengscht (daat alleng heescht net per se, dass se mache kennen wat se wellen) schon e Protokoll kruten? (Falschparken, onnéideg de Verkéier oder Velosspuer blockéieren, mat der bloer Luut an de Mcdo, Excès de Vitesse ausserhalb vun engem Assaatz? avm). Do gouf eng Kéier eppes mat engem Ambulancier mee offiziell huet een nach ni eppes héieren iwwert en Polizist..
Moien,

wéi schonn an engem Mail erkläert wëlle mir net Poliziste jugéieren, déi an enger Noutsituatioun ënner Bloliicht schnell a richteg Decisiounen treffe mussen. D'Fro vun de Formatioune fir mat Bloliicht ze fuere kéint een an engem generelle Kontext stellen, och fir aner Gefierer ewéi déi vun der Police. Fir de Rescht ënnerstellen d'Froen de Poliziste geziilt Fahrlässegkeet , wat mir als Piraten net ënnerstëtze kënnen, well et a Noutsituatiounen de Poliziste méiglech bleiwe muss, schnell Decisiounen ze huelen.

Mat frëndleche Gréiss
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.