Et goufen anscheinend bis op den 19.7.2020 (fir déi Woch)
71.847 Large Scale Tester (LST) gemaach
(Quell: https://www.rtl.lu/news/national/a/1553366.html).
Vue dat e Pooling besteet, ginn ëmmer 4 Testprouwen zesummen ënnersicht.
Et goufen also eigentlech 17962 Tester Gemaach.
Dovu waren der 90 positiv an d'Probabilitéit an engem positiven Testpool ze sinn
léit also bei 90/17962 = 0.0050 = 0,5% wat enorm héich ass.
D'Warscheinlechkeet dat 2, 3 oder 4 vun deene 4 Prouwe gläichzäiteg positiv sinn ass am Moment wuel ganz geréng.
Mee wat geschitt elo genau wann eng Prouf positiv ass:
Ka mat dem Proufmaterial direkt nogetest ginn an dee wierklechen Positiven ermëttelt ginn
oder kréien alle 4 ugeruff* a mussen sech a Quarantänn beginn an e weidert Testresultat ofwaarden?
Am Fall vun esou enger Quarantänn géifen hei da bis zu 3 Leit sequestréiert an de Pooling misst verbuede ginn!
* NB "positive" SMS géif et net !