Gudde Mëtteg,
op Är Froen hätt ech folgende Bemierkungen:
1) Wei gesait Prozedur bei der CNS beim austellen vun engem S1 aus? 1) D'Modalitéiten wéi den S1 funktionnéiert sinn am EU-Reglement 883/ an 987/09 ze fannen (ouni elo wëllen an déi ganz Detailer vun der Prozedur anzegoen).
2) Ass ofmellen zu Letzebuerg virausetzung? Wann jo, wei ass dat mat der zweetwunnsetz kompatibel? -Ech giff hei mol mat jo äntwerten, well et sos jo kee Sënn mécht een S1 unzefroen? Wann dir zu Lëtzebuerg ugemellt sidd, braucht dir jo keen Demande fir een S1 ze maachen. Een Zweetwunnsëtz ass wéi eng Vakanzeresidenz ze gesinn, dat heescht dir sidd weiderhin zu Lëtzebuerg ugemellt.
3) Wann jo wei ass daat mat den Emschreiwungen op dem Site vun der CNS kompatibel? Wann jo an wei engem Règlement ass dat ze fannen?
D'Reglementer hunn ech Iech an der éischter Äntwert beigesat. Dat mat den Ëmschreiwungen schéngt mir awer hei kloer:
Der in Luxemburg versicherte Grenzgänger muss sich bei der Krankenkasse seines Wohnsitzes (≠ Lëtzebuerg) einschreiben um in seinem Wohnland (≠Lëtzebuerg) Anspruch auf Gesundheitsleistungen zu haben. Zu diesem Zweck stellt die CNS das Formular S1 aus. Das Formular S1 wird in der Regel automatisch an die private Adresse des deutschen Grenzgängers gesendet nachdem dieser angemeldet wurde. Er übergibt das Formular anschließend der deutschen Krankenkasse seiner Wahl.
Dat heescht: 1. Demande bei der Krankekeess an Däitschland fir an Däitschland kënnen op d'Krankeversécheurng zeréckzegräifen. 2. Ufroen vun engem S1 bei der CNS. 3. Erhalt vum S1 an ofginn bei der däitscher Krankekees.
Falls nach weider Froen opstinn, kënnt Dir se gàren hei ënnendrënner schreiwen.
MbG