Während der Coronakris goufen d'Kritèren fir öffentlech Petitiounen kuerzzaiteg geännert. Sou haat ee kuerzfristeg méi Zait fir Ennerschrëften a Pabeierform ranzereechen. Déi Regel gouf nom Déconfinement awer opgehuewen.
An der Praxis weist ët sech awer, dat ët bis haut vill méi schwéier ass, un d'Leit ze kommen an se ze iwerzeegen, eng Pettioun ze ënnerschreiwen: Sou ass ët de Moment nach nët méiglech, gréisser Evenementer (Konferenzen) ze plangen, an d'Fréquentatioun vum Espace public an z.B. och Märt ass staark zrëck gaang.
Fir de Bierger dës eenzegaarteg Méiglechkeet vun enger direkter Partizipatioun ze erhaalen, wier ët do nët ubruecht d'Kritèren fir eng öffentlech Petitioun kuerzfristeg a fir di ganz Dauer vun der Zait wou d'Onsëcherheet bleiwt (Stëchwuert "Zweet Wellé) ze modifizéiren andeems entweder d"Zuel vun den Ennerschrëften, déi gebraucht gin, fir dat de Sujet vun enger Petitioun muss an der Chamber débattéiert gin, rofzesetzen oder den Délai, deen den Auteur vun der Petitioun huet, fir op di erfuedert 4500 Ennerschrëften ze kommen, ze verlängeren?