FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+3 votes
196 vues

Op de Bréiwer fir seng 50 Maske sichen ze goen an op deene fir sech testen ze loossen vum Gouvernement.lu ass mir esou klenge Karo opgefall.

Beim Googlen hunn ech eraus fonnt dat et sech em ee Code Barre handelt, änlech engem QR Code, mee den Data_Matrix genannt géif.

All verschéckte Säit huet en anere Code, mee kéint mam Adressat a Verbindung bruecht ginn ass also individualiséiert.

Wat ass déi legal Basis vun esou engem Marquage (den et och bei den Dokumenter vun der Steierverwaltung elo gëtt).

Gëtt do ee Suivie gemaach op een z.B. seng Masken ofhëlt oder net, sech teste léisst oder net, an dat beim 3. Bréif etc.

Falls jo, geet dat net e bessi wäit ?!

PS Déi Bréiwer hu keng Ennerschrëft, wen ass do haftbar am Fall wou ?!
Cloturée
par dans Digitalisation
Cloturée par il y a | 196 vues

3 commentaires

Moien,


e puer Froen:


All verschéckte Säit huet en anere Code, mee kéint mam Adressat a Verbindung bruecht ginn ass also individualiséiert. 

– Kënnt dir dat weg weisen/erklären?



Wat ass déi legal Basis vun esou engem Marquage (den et och bei den Dokumenter vun der Steierverwaltung elo gëtt). 

– D'Fro déi ech proposéiere géif: Wat genee beinhalt dee Marquage a falls en perséinlech Donnéeë beinhalt, op Basis vu wéi enger Base legale?


Majo zum Beispill beim Test Bréif 3 Blat (all eenzelt Blat ass anescht mee sequenziell codéiert) a 4 Sproochen, do ass 4 mol een Zougangscode drop.

 

Wann een z.B. de Bréif vum Partner hellt, den zur gläicher Zäit era geflattert ass, a seng Matricule agëtt mat dem sengem Zougangscode geet et net (gouf mir vun engem Expert verséchert). Et schéngt also dat wann dir Iech teste gelooss hutt oder net dat iergend wou ugehakt kéint ginn e Suivi gemaach kéint ginn vun all Bréif.


https://justpaste.it/Data_Matrix_Lux



Bei de Steieren ass carrement d'Firmematricule oder d'Steiernunmmer (privat Persounen) an der Data Matrix Bulletin an Decompte, mee do wier et och logesch well déi jo souwisou déi Infoe lisibel erhalen.

 

Bei de 50 € Bonge schéngt et ee QR code ze sinn mat enger Checksomme vun der Persoun. Hei gi 730000 Adressen vu Liewegen > 16Joer mat Gebuertsdatumen weider gereecht u Gemenge Päpp an d'CLC & Co. Ee Marketingstrateg géif vun esou enger Mailinglëscht dreemen

 

Mee et wier interessant ze wëssen wéi am all gemengen dee Marquage geréiert gëtt a vu wiem? Wat ass déi legal Basis?

 

Well net an Zukunft all Woch e Bréif vum Gouvernement kréien dee kuckt op ech dëst oder dat gemaach hunn.


"Oh e wor seng Masken net sichen, scheck em emol en Testbréif !"

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Moien,

mir wäerten eng parlamentaresch Fro dozou stellen.

MbG,


8.7.2020: d'Fro ass deposéiert. https://www.piraten.lu/fro-lu-datematrix-coden-op-breiwer/
par il y a
sélectionné par il y a
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.