FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+3 votes
203 vues

https://docdro.id/jr5EzNX <--- Attachement


Léif Piraten,

Merci dass där d'parlamentaresch Fro n* 1685 vum Här Deputéierten Sven Clement iwwert d'Fleegeversécherung gestallt huet.

D´Äntwert vun Minister vir sozial Sécherheet ass net korrekt, net komplett an an Deeler och net zoutreffend.

De Minister vir sozial Sécherheet äntwert: 

"Iwwert déi lescht 3 Joer goufe Geldleeschtunge fréistens um 8. Dag vum Mount ausbezuelt". 

Leider keng Äntwert op de Piraten hier Fro wéini dee spéitsden Dag an denen läschten 3 Joer war wou d´Assurance dépendance ausbezuelt ginn ass. Dat war den 20.11.2018.

(Détail de remboursement als Beweis am Unhang)

Differenz läit bei 11 Deeg!!! 1/3 vun engem Mount also!!! Wat ganz laang ka sinn fir en Aidant Informel deen och gären seng Pai all Mount deeselweschten Dag hätt.

De  Minister vir sozial Sécherheet erklärt dësen Délai vun 11 Deeg esou:

"D'Geldleeschtunge ginn eemol de Mount gerechent an ausbezuelt op Basis vun deenen Informatiounen déi disponibel sinn zum Zaitpunkt vun der Rechnung".

Dat stëmmt schonn emol net, Leit déi zum Beispill all Mount dee selweschte Betrag ausbezuelt kréien, also eng "Geldleeschtung" déi ni ännert ( an ergo och net all Mount muss nei ausgerechent ginn)  {maintien à domicile) hunn déiselwescht Differenzen vun 11 Deeg wat d´iwwerweisen vun der Geldleeschtung ugeet, obwuel guer näischt vu Mount zu Mount ännert, déi Basis ass bei alle Pflegebedürftegen déi eng Geldleeschtung kréien all Mount GENAU déiselwescht an awer bestinn zum Deel 11 Deeg Differenz tëschent den Ausbezuelungen?

D´Argument vum Minister dozou:

"Et ass net auszeschléissen dat zum Zaitpunkt vun der  Rechnung d'Informatioune vun engem Assuré net all disponibel sinn. An dësem Fall ass et net auszeschléissen dat d'Geldleeschtunge méi spéit bezuelt ginn oder e Redressement muss gemaach ginn".

Déi Ausso stëmmt also net an ass souguer definitiv falsch well dat ass 100% auszeschléissen, an deene Fäll gett et kee Redressement.

Vläit kinnt een de Minister nach eng Kéier klipp a kloer froen firwat Pflegebedürfteger {maintien à domicile) déi all Mount hoergenau deeselweschte Betrag ausbezuelt ginn och zum Deel 1/3 Mount mussen méi laang op hier Sue waarden? Wat ass dofir de genaue Grond? Bis elo konnt de Minister eis dat net erklären.

Et muss een sengem Aidant Informel all Mount erklären dass seng "Pai", seng Onkäschten fir Pfleeg,  fir de Benzin an aner Ausgaben net können all Mount deeselweschten Dag bezuelt ginn. Heiansdo kritt den Aidant Informel seng Suen also den 8. vum Mount, heiando eréischt den 21. vum Mount obwuel dat och kéint all Mount deeselweschten Datum si kinnt  well jo ni de Montant den d´Assurance dépendance ausbezillt ännert.

Fir et nach eng Kéier méi kloer ze soen:

Heiansdo kritt den Aidant Informel seng "Pai" also den 8. Januar an de Mount drob den 21. Februar....?! 6 Wochen méi spéit! Déi Leit hunn och Famill a Geldsuergen wéi jiddfereen a wieren och frou op eng regelméisseg Pai.

Kann de Minister dat mol erklären?


Dass e "Reseau (soins à domicile etc)" ka 6 Wochen op seng Suen waarden ass eng Saach, en Aidant Informel dee sou eng Aarbecht mecht fir säin deeglescht Brout ze verdingen kann dat net. 

Merci am Viraus.

par dans Santé
edité par | 203 vues

2 commentaires

IMoien,

Wou fannen mer dann den Anhang ?

Assurance dependance.pdf (0,5 MB) An der éischter Rei nee? 

Assurance dependance.pdf (0,5 MB) Léif Piraten,


MbG

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.