FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+2 votes
169 vues

De Conjoint vun engem Minister post op Instagram reegelméisseg Photoen, wou hien mat sengem Mann, deen op Déngschtrees (ech soen wuelverstane Déngschtrees, net offiziell Rees) war. Dat sinn zum Beispill Biller aus der „First-class Lounge“ vu Lufthansa zu Frankfurkt, oder Vuen aus engem 5-Stären-Hotelszëmmer. 


Meng Fro ass ganz einfach : 

  • wann e Conjoint vun engem Regierungsmember mat op eng Déngschtrees geet , wien bezilt dann deem Säin Fligerticket a soss Frais-en : de Conjoint selwer oder awer de Steierzueler ?
Cloturée
par dans Finances
Cloturée par | 169 vues

1 commentaire

Ech mengen dei Fro ass schons gestall ginn :

https://www.piraten.lu/partner-regierung/


An deem Zesummenhang hu mir dem Premierminister dës Froe gestallt:

  1. Wéi ass d’Roll vum Partner vu Regierungsmemberen zu Lëtzebuerg gereegelt?
  2. Am Fall wou Regierungsmemberen hire Partner op eng offiziell Rees mathuelen, wien bezilt d’Käschten, déi op dëser Rees fir dës Persoun ufalen (zum Beispill den Hotel, Restauranten, etc.)? Wéi eng Reegele gëlle generell fir d’Partner vu Regierungsmembere bei offizielle Reesen?
  3. Falls keng offiziell Reegelen iwwer d’Roll vum Partner existéieren, ass de Premierminister der Opfaassung, dass d’Opstelle vun engem normative Kader zu méi Kloerheet an Transparenz bäidroe géif? Wäert d’Regierung heizou eppes ausschaffen a falls jo, bis wéini?

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Moien,

dës Fro hu mir virun enger Woch scho gestallt. Dir fannt se op eiser Internetsäit: https://www.piraten.lu/partner-regierung/

Mat beschte Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.