FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+2 votes
178 vues
Moien,

6 Wochen hunn ech missen op eng Biopsie waarden, onzoumutbar Zoustänn fir Leit déi 6 laaanger Wochen an der Ongewessheet a mat vill vill Angst an souguer Depressiounen mussen liewen ier se gewuer ginn op se dann elo Kriibs hunn oder net.

Wéi ech beim LNS nogefrot hunn firwat dat soulaang dauert krut ech geäntwert si hätten einfach net genuch Pathologisten fir déi vill Biopsien ze maachen. Ausserdem hätten se momentan(also ëmmer) e "klenge" Retard.

Wéivill Biopsien kritt den LNS pro Mount eran?

Wéivill Pathologen sinn am LNS beschäftegt?

Vu wou kennt déi laang Waardezäit vun deelweis 6 Wochen?

Ginn Biopsien der Rei no traitéiert wéi se era kommen oder gi verschidde Biopsien "bevorzugt" behandelt?

Firwat ginn net méi Pathologisten agestallt dass den Délai vun der furchtbar laanger angstvoller Waardezäit fir de Patient ier e seng Diagnose kritt drastesch ka verkierzt ginn?

Huet de Staat net genuch Suen fir méi Pathologisten anzestellen oder wou ass de Problem fir der méi anzestellen?

Ass den quasi jo nach neien LNS schonn iwwerfuerdert mat der Unzuel vu Biopsien oder huet den LNS etwa net genuch Kapazitéiten( Aarbechtsstatiounen fir d´Pathologisten)?

Wéi kann et sinn dass verschidde Pathologisten vun doheem aus schaffen? Ass dat nach seriö?

A jo, dat ass mär um Telefon gesot ginn dass Pathologisten och vun doheem aus schaffen!

Wéivill Pathologisten schaffen vun doheem aus a wéivill Deeg d´Woch schaffen se vun doheem aus?

Firwat schaffen se vun doheem aus, gett et dofir e plausibele Grond?

Merci am Viraus.

MbG
par dans Santé
edité par | 178 vues

1 commentaire

Oh Freck, huelen do Pathologisten de kranke Leit hier Biopsien mat heem?

Dat Alleng wier schonn eng QP wäert.

Beonrouegend dass engem seng Kriibs-Biopsien doheem gemaach ginn an net a sterile Réimlechkeeten a wee weess ob de Patholog virdrun vläit net virdun e X-Filmchen gekuckt huet a seng Hänn net desinfizéiert huet?

Da doten ass e Skandal!

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.