FRO.LU is under Development
+2 votes
3k vues

Moien,

Meng petition publique 1367 as lo als petition ordinaire emgewandelt gin an do wollt ech froen ob d'Madame Cahen op dessem wee per Question Parlementaire froen fir d'Kannergeld Direkt rem ze indexeiren, am platz erreescht bis zum schluss vun der Legislaturperiode 2023 domat ze warden? Dat krut ech vum Ministesch Mme Cahen um Twitter geäntwert. Dat sin jo awer nach 3 joer!!! 


Fir das den Armutsrisoko hei am land net nach mei klemmt wier et immens sozial an drengend un der zeit das dat Thema direkt traiteiert get. An endlech den Elteren dat rem gid wat sie seit 2006 an 2016 oofgehol krit hun. Och kanner brauchen en daach iwer de kapp, iesen, kleeder an leider gottes och friembetreiung, mee mat denen aktuellen Immobilienpreiser geht de budget vum mindestloun 1800€/mound an 265€/kand awer guer net duer. All kand (ver)braucht an eng eegen Zemmer, Miwelen, Schoulmaterial, Wasser an Stroum, dei seit 2006 alles mega an d'luucht gaangen as, an d' Kannergeld roofgaangen as!! WOU LEIT DE FEHLER?

Et get zeit das den Familienministere all die fraisen die bei 2 kanner duebel sou heich sin an bei 3 kanner 3x sou heich sin an hier calculen mat berücksichtegt.

Mir können keng 3 joer mei warden an riskeieren nach mei Indextranchen ze kreien ouni das d'kannergeld erheicht oder indexeiert get.

Foyer du jour an crechen gin no all indextranche mat hirem tarif rop. Ech muss mat menger klenger pai 355€/mound bezuelen fir mei jong vun 9 joer. Ech kommen iwerhaapt net mei iwer d'ronnen seit mei Mann sein akommes och gekuckt get. Ech elleng kommen fir d'kannerbetreiung op, wel de bouf as NET sein jong.
fermée avec la mention Villmools Merci fir Är Fro!   Dir schwätzt e Problem un, deen och an den Aen vun de Piraten intolerabel ass. Leider ass d'Regierung net där Meenung.   Gëschter ass an der Chamber vun de Regierungsparteien dogéint gestëmmt ginn, d'Kannergeld ab dem 01.01.2020 unzehiewen.   Esou laang d'Majoritéit do net well op d'Oppositioun an op déi vill Famillen hei am Land lauschteren, sinn eis leider d'Hänn gebonnen.
par dans Famille, Intégration et la Grande Région
Cloturée par | 3k vues

5 commentaires

Merci ech wees dat.

Mee ech krut leider nemmen 1680 Ennerschreften zesummen. Wat jo awer och schon net schlecht as, dat beweisst dass den interessi grouss as, an awer geht et net duer :-(.

Dofir wollt ech gär eng question parlementaire veröffentlichen losen, ob et net meiglech as dat Thema prioritär ze behandelen an net reescht am 2023?
Moien Madame,

Mein kommentar war fier dei leid geduecht dei nët verstinn wat den ennerscheed ass. Sou kann een sech mei einfach informeieren. Vlait kennt der är froen präziseieren an als QP machen? 
Ah ok tiptop :-)
Merci fir är beméihungen, firwat as d'regierung esou stur an anti-sozial veranlagt. Mir mussen schon mei TVA bezuelen an geschwen och nach mei accisen an mei autosteieren bezuelen, wou gin mir all dat geld dann nemmen sichen?

Dann kann ech lo just nach hoffen das meng parlementarisch fro betreffend gratis Kannerbetreiung weinstens mat der majoriteit oofgestemmt get.

Niewent dem loyer an d'iesen as dat den 3. Greissten ausgabenposten bei d'elteren am haushalt. Wann d'kannerbetreiung fir den Mittelstand wierklech gratis geif gemaach gin sou wie den M. Meisch eis alleguer iwer Radio versprach huet, dann wären mir schon 500€ manner arm.
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.