All Handwierker, all Geschäftsmann oder -fra ass gezwongen enger vun den zwou Chambren baizetrieden, d'Chambre des métiers an d'Chambre de commerce. Déi Chambren beusprochen dann, d'Interessien vun de jeweilegen Métieren ze vertrieden, ouni dat di eenzel Memberen d'Méiglechkeet hun, d'Politik vun deenen Chambren matzebestëmmen. Dat gëlt vrun allem fir kleng Betrieber, déi duerch déi Zwangsmitgliedschaft finanziell belaascht gin, awer nët d'Méiglechkeet hun, Gehéier fir hiert Uleies ze fannen. Bei de Wahlen sen di grouss Entreprisen zwangsleefeg avantagéiert.
Fro un de Mëttelstandsminister:
- Ass e Système, deen op enger Zwangsmitgliedschaft baséiert, am 21. Joerhonnert nach zaitgemäss? Wéi ass di Zwangsmitgliedschaft mat generelle Prinzipien, wéi z.B. dem Recht op Vereenegungs- a Versammlungsfraiheet kompatibel (Art. 20 vun der Mënscherechtserklärung, siehe: https://www.menschenrechtserklaerung.de/versammlungsfreiheit-und-vereinigungsfreiheit-3653/)?
- Wéi gët sëchergestallt, dat kleng Entreprisen, deenen hier Suergen oft aanerer sen, wéi déi vu groussen Gruppen, och politescht Gehéier an dëse Chambren fannen? (Daat kéint z.B. iwert e Wahlsystème goen, deen eng proportionnel Représentatioun vu klengen Entreprisen ënnert 20 Leit virgesait.)
Hei puer juristesch Informatiounen zu där Thematik vun eisem daitschen Noper: https://www.juraforum.de/lexikon/industrie-und-handelskammer-ihk