Op Grondlag vun enger EU-Richtline mussen all Entreprisen, awer och asblen, déi zu Letzebuerg agedroe sen, sech zousätzlech am Registre des bénéficiaires effectifs androen. Daat ganzt leeft iwert den Luxembourg Business Register, e Groupement d'Intérêts économique, an deem niewt dem Staat och d'Chambren vertrueden ass, dee fir di Prozedur 15 € fakturéiert, wann di Persoun oder Persounen d'Prozedur nët online wëlle maachen.
Wéi ass daat ze begrënnen, dat eng Prozedur, deenen d'Leit an Entreprisen sech mussen ënnerzéien, fakturéiert gët?
Virwaat ass ët nët méiglech, dat d'Entreprisen oder Privatpersounen dee Formulaire zougeschëckt kënne kréien?