FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+7 votes
196 vues

Säit 4 Joer ass "Psychotherapie Gesetz"  gestëmmt an den "Code de la Sécurité Social"  ugepasst - nach haut kritt een kee Remboursement vun der CNS. Firwat?

Här Schneider,

Nach haut ass et onméiglech en Remboursement fir Psychotherapie Käschten  ze kréien, dëst obwuel Gesetz an de Code de la Sécurité Sociale 2015 (!) ugepasst  goufen.

  • Firwat dauert et esou laang fir en Gesetz vun 2015 ëmzesetzen ?
  • Wei kann en Patient zu sengem Recht dann elo kommen ?
  • Ass souwuel budgettaresch wei och administrativ geplangt dass dann déi eeler Rechnungen bezuelt ginn ?
  • Ass et wouer dass et hei Konflikter mat Psychiater gëtt  an existéierenden Gremien gëtt déi dëst Feld fir sech wëllen hunn an Profit erausschloen dass Si ähnlech Servicer ubidden kënnen déi awer rembourséiert ginn?

N.B : En  "Psychotherapeut" ass en aneren Beruff wei een "Psychiater". Fier kennen  besser ze verstoen wat den Ënnerscheed zweschen engem "Psychiater" and "Psychothérapeut" liest dat heiten :https://www.psychologie-studieren.de/berufe/unterschied-psychologe-psychotherapeut-psychiater/#psychotherapeut

 http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2015/07/14/n1/jo
 https://igss.gouvernement.lu/dam-assets/publications/code-de-la-s%C3%A9curit%C3%A9-sociale/CSS-2019-cover.pdf

Acceptée et déposée
par dans Santé
Acceptée et déposée par | 196 vues

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Merci fir deng Fro!
Si ass ënnert folgender Form haut un d'Chamber gaangen:

 

" Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch

Fro un d'Ministere fir Gesondheet & Sozialversécherung weiderzeleeden.
 

Trotz dem Gesetz vum 14. Juli 2015 iwwert d'Aféierung vum Beruff vum Psychotherapeut ass et Patienten zu

Lëtzebuerg zum aktuellen Zäitpunkt ëmmer nach net méiglech, d'Käschte vun Therapiesëtzunge bei

Psychotherapeuten vun der Krankekees rembourséiert ze kréien. Wéi aus enger Äntwert ob d'parlamentaresch Fro

Nummer 389 vum Deputéierte Marc Baum ervirgeet, ass de Fait, datt keen Accord tëscht der CNS an der Fapsylux

(der Federatioun vun den Associatiounen, déi d'Psychotherapeuten am Land representéieren) fonnt konnt ginn,

primär Schold drun, datt bal véier Joer nodeems d'Gesetz gestëmmt gouf, ëmmer nach keng Remboursementer

méiglech sinn. Konkret heescht et an där Äntwert:

"Suite à l'échec des négociations conventionnelles entre la Fapsylux et la CNS, la procédure de médiation

avait été entamée le 1er octobre 2018. Cependant, la procédure de médiation n'a également pas permis de

trouver un accord de sorte que les dispositions obligatoires de la convention doivent être fixées par voie de

règlement grand-ducal en application de l'article 70, paragraphe 2 du Code de la sécurité sociale. Les

travaux y relatifs sont actuellement en cours."
 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:
 

  • Wat waren d'Haaptgrënn dofir, dass keen Accord tëscht der CNS an der Fabsylux konnt fonnt ginn?
  • An der Äntwert ob d'parlamentaresch Fro Nummer 3858 vun den Mesdames Deputéierten Lorsché an Tanson aus dem Juni 2018 gouf gesot, dass d'CNS an d'Fapsylux am Januar 2018 ugefaangen hätten iwwert eng Conventioun ze negociéieren. Wisou sinn des Gespréicher eréischt méi wéi zwee Joer nodeems d'Gesetz vum 14. Juli 2015 gestëmmt gouf, ugefaangen ginn?
  • Bis wéini ass mat deem an der Äntwert ob d'Fro vum Här Deputéierten Baum genannten Reglement ze rechnen?
  • Bis wéini wäerten d'Patiente spéitstens nach waarde mussen, bis si d'Käschte fir hier Therapiesëtzunge vun der Krankekees rembourséiert wäerte kréien?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député "

par
sélectionné par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.