FRO.LU is under Development
+2 votes
4.2k vues

Moien Alleguer,


Et wier net schlecht mol vum Gesondheetsminister e puer weider Informatiounen ze kréien iwwert Gesetz vum 20. July 2018 wat d´Verschreiwung vum medizineschem Cannabis ugeet.


Notamment wier do mol no ze froen wéi et dann mat Patienten ass déi säit Joeren oder Joerzingten ënnert Maladies chroniques diffuses a maladies graves ze kämpfen hunn.


Et wier néideg méi détailléiert Expicatiounen vum Gesondheetsminister ze kréien par rapport zu uewe genanntem Gesetzestext, am allerwichtesten wier do d´Fro:


Wéi eng douleurs chroniques persistantes si viséiert an dem Gesetzestext. 


Et ass evident a bewisen dass Douleurs chroniques e sensibelen an virun allem dauerhaften NEGATIVEN Impakt op d´Liewensqualitéit vum Patient hunn , dëss heiansdo grave Pëng kinnten mat medizineschem Cannabis definitiv erliichtert ginn.


Wéi ass et mat anere Krankheeten déi negativ Impakter hunn ob Liewensqualitéit vun de Patienten? Kinnt een do och net d´Liewenqualitéit vun dene Patienten verbesseren an deem si Zougang zu medizineschen Cannabis kriten?


Firwat musse Patienten wéi ech sech all Dag vollstopfen mat geféierlechen Barbituraten déi enorm gesondheetsschiedlech sinn fir eis Organer an eise Kierper?


Hei mol wat ech mer all Dag era zéien wéinst menger Epilepsie a menge chronesche Peng:


Depakine 500 2/j

Topomax 200 2/j

Trazolan 100mg

Temesta 2.5mg

Stillnoct 10mg

Zaldiar

Lyrica

Tilidin

Rantudil

Tramadol


Meng Liewerwäerter si katastrofal an dobäi drenken ech wéinst menger Epilepsie keng Drëpps Alkohol!

Medizinnesche Cannabis kinnt och mär mat menger Epilepsie a chronesche Peng vill hellefen.


Eng Formation continue  wat d´Prescriptioun vu Cannabis médicinal ugeet, Formatioun organiséiert vum Ministère de la santé et la Direction de la santé huet e puer Mol scho statt fonnt, firwat gett et do keen offizielle Listing vun den Dokteren déi d´Formatioun mat gemaach hunn an däerfen medizinesche Cannabis verschreiwen? 


Gi mettlerweil och erem nei Patiente zougeloos, et huet jo geheescht an der Summervakanz kinnten keng nei Patiente mei Cannabis verschriwwen kréien, wéinst enger Pénurie?? E Skandal! All Dokter an d´Apdikter an deene 4 Spidäler huet sou e Schreiwes vum Schneider kritt.


Firwat kann en Dokter den eng medizinesch Ausbildung huet a seng Patiente mat hiere Krankheete jo wuel keent net décidéieren dass sengem Patient mat medizineschem Cannabis kinnt gehollef ginn a den da wuel vill manner Pharmazeutika misst anhuelen?


Firwat ass Gesetz ob eemol einfach geännert ginn?


Am Gesetz vum 20- Juli 2018, Artikel 30-2.


Tout médecin autorisé à exercer sa profession au Luxembourg est autorisé à prescrire du cannabis médicinal à un patient, à condition que :


1. Le patient soit atteint d’une maladie grave, en phase avancée ou terminale, ou d’une maladie dont les symptômes ont un impact négatif sensible et durable sur sa qualité de vie et qui peuvent être atténués par l’administration de cannabis médicinal,


2.le médecin ait préalablement suivi une formation spéciale portant sur la pharmacologie du cannabis médicinal, ses formes de présentation, indications thérapeutiques et effets secondaires, ainsi que sur les modalités et bases scientifiques de sa prescription.


Am Reglement vum 21. August 2018, deen d'Gesetz aplizéiert, steet am Artikel 1:


La prescription du cannabis médicinal est réservée aux patients pour les maladies suivantes :


  • maladies graves, en phase avancée ou terminale, entraînant des douleurs chroniques,
  • maladies cancéreuses traitées par une chimiothérapie induisant des nausées ou vomissements,
  • sclérose en plaque avec spasticité musculaire symptomatique.


Nom Gesetzestext vum 21. August 2018,muss een schon hallew doud sinn fir iwwerhaapt medizinnesche Cannabis verschriwwen ze kréien, am Gesetz vum 20- Juli 2018, Artikel 30-2 huet et nach geheescht:


le patient soit atteint d’une maladie grave, en phase avancée ou terminale, ou d’une maladie dont les symptômes ont un impact négatif sensible et durable sur sa qualité de vie et qui peuvent être atténués par l’administration de cannabis médicinal.


Firwat ass dat geännert ginn?


Mengt de Gesondheetsminister etwa all Patienten mat joerzingten laange chronesche Peng sollten sech léiwer Barbituraten eran zéien am Plaatz mol dem medizinneschen Cannabis eng Chance ze ginn?


De Schneider ass nun halt eben mol keen Dokter, huet keng Medizin studéiert  an huet keng Ahnung vum sengem Ministeschposten als Gesondheetsminister!

Och e Skandal!


Merci fir dëss QP un de Gesondheetsminister ze stellen.


MbG

Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 4.2k vues

6 commentaires

Moien,

 

mir haten am Mäerz schonn eng Fro zum medezinesche Cannabis gestallt: medezinesche-cannabis-zu-letzebuerg/">https://www.piraten.lu/medezinesche-cannabis-zu-letzebuerg/

 

am Juli koum dunn och nach d'Fro vun der Rupture de Stock: https://www.piraten.lu/rupture-de-stock-beim-cannabis/

 

Dëst gewosst, kéinte mer Är Fro vläicht op e puer Punkten erofbriechen? Wann ech mir et duerchliesen, wëll Dir prinzipiell wëssen firwat d'Gesetz aktuell restriktiv ass beim Asaz vum medezinesche Cannabis a wéi de Minister den Traitement mat Cannabis vis-a-vis zu aneren Traitementer prioriséiert?

 

MbG


Gilles

Jo, et kinnt Een dat esou froen.

 

Froen kinnt Een och nach:

Wéi eng Mark vu Cannabis a wéi eng Dosagen CBD/THC ginn et momentan.

Ass an Zukunft virgesinn aner Marken an aner Dosagen  ze kréien?

Firwat keeft de Lëtzebuerger Staat de Cannabis am 6.695 km entfernte  Kanada a muss da mam Flijer heihinner transportéiert ginn?

Firwat keeft de Lëtzebuerger Staat de Cannabis net am 300km entferneten Holland?

Dass Een sech well um kanadesche Modell orientéieren forcéiert jo awer net de Cannabis och do mussen ze kafen.

 

Ze froe wier och nach op ee kann den Dokter wiesselen wann ee schonn medizinesche Cannabis-Programm dran ass.

Heescht seng Ordonnance fir medizinesche Cannabis vun z.B engem Spidolsdokter bei den Hausdokter (den d´Formatioun mat gemaach huet fir medizinneschen Cannabis därfen ze verschreiwen)  ka siche goen?

Si fir esou e Wiessel vum Dokter Formalitéiten ze erleedegen?

 

Merci Villmools.

Moien,

mir haaten eis d'Fro firwat net Holland och scho gestallt a rausfonnt, dass duerch d'hollännescht Gesetz dat net méiglech ass. Et läit also net un eiser Regierung, dass mir z.B. de Bedrocan net importéiere kënnen.

D'Fro iwwert den Doktorwiessel kann ee sécherlech mol stellen, wubäi ech mir net virstellen, dass do en Ënnerscheed gemaach gëtt.

Mat frëndleche Gréiss,
Moien,

Ass déi QP hei ni gestallt ginn? Ech fannen se néierens erëm um site chd.lu.

Merci.
Vlait kann den gmertz se hei verlinken
Gudde Mëtteg,

d'Fro ass deposéiert ginn. Entschëllegt de Retard, et koum zu engem Fehler vu menger Säit. D'Fro ass haut awer eragereescht ginn. Iwwert Är Fro, ob een den Doktor ka wiessselen, ass d'Äntwert jo.

MbG

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
par
edité par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.