D'Hetzt zur zeit Zeit kann och massiv Repercussiounen op de Schinnenverkéier hun.
Duerch d'Hetzt dehnt sech d Material vun den Schinnen aus, wat dozou verhennern kann, dat déi sech verbéien. An der Schweiz an Daitschland haat dat bis ewell och schon zur Konsequenz gehaat, dat den Zuchtraffic op verschiddenen Strecken zesummengebrach ass.
Sinn sou Schied an der Vergaangenheet och schon zu Letzebuerg opgedaucht?
Wann jo, wéi vill Zich sin dowéinst ausgefall?
Wann jo, wéi héich ass den finanziellen Schued?
An Daitschland, Eistreich an an der Schweiz gin zur zeit waiss Schinnen getest. Déi waiss Faarw féiert zu enger méi héicher Reflexioun vum Sonneliicht, wat bewiirkt dat d Schinnen net sou schnell immens waarm gin. Ass dat och eng Optioun fir Letzebuerg?
Wéi eng weider Moossnahmen hellt d CFL fir dat sou Schied net entstin?