FRO.LU is under Development
+1 vote
117 vues

Här President,


Sou wéi den Artikel 80 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir d’Fonction publique an un den Inneminister weiderzeleeden.


Laut Artikel 2 (5) vum Statut vun de Staatsbeamten, respektiv laut Artikel 2 (6) vum Statut vun de Gemengebeamten, ass et dem Regierungsrot, respektiv dem Gemengerot méiglech Agenten anzestellen déi opmanst eng professionell Experienz vun 12 Joer virweise kënnen, plus déi neidesch spezifesch Qualifikatioune fir de betraffene fräie Posten. Dës Agente gi fir eng Mindestdauer vun engem Joer als Employé (Staat), respektiv Salarié (Gemeng) agestallt a kënnen no engem Joer direkt an de Beamtestatut gehuewe ginn, mat engem Classement individuell an e beliebege Grade an Échelon. Dës Astellung geschitt laanscht all Concours, Stage, Admissibilitéits- an Ustellungsexamen, déi eigentlech all Beamte muss duerchlafen.


An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministere follgend Froe stellen :


1. Wisou gëtt bei dëser spezieller Astellungsprozedur en Ënnerscheed tëscht Staat a Gemenge gemaach, andeems déi betraffe Persoun beim Staat als Employé, a bei der Gemeng als Salarié agestallt gëtt, wuelwëssend, dass de Salarié just vun den nämmlechte Rechter a Flichten an och Protectioun vum Régime vum Employé ka profitéieren, wa säi Posten och un en Employésposten explizit ugegliddert ass?


2. Kënnt dir matdeelen, wéivill Astellungen en application vun dësen uewegenannten Dispositioune gemaach goufen, opgeschlësselt no Ministère, Verwaltung, Gemeng, Gemengesyndikat, Établissement public, Astellungsgrade als Beamten a Fonctioun?


3. Wéi gëtt déi exigéiert professionell Experienz vun 12 Joer evaluéiert beim Staat a bei de Gemengen? Ass dëst eng einfach professionell Experienz vun 12 Joer virun der Astellung oder eng professionell Experienz vun 12 Joer ab dem Erhalt vun engem spezifeschen Diplôme, oder au Cas par Cas no net festgeluechte Krittären an discrétionnairement vum Regierung- respektiv Schäffe-/Gemengerot? Scho bei der Création de poste oder réischt bei der Astellung?


4. Am Kader vun der Astellung op der Gemeng, muss bei der Astellung vun engem Salarié à tâche intellectuelle an och no dem Vott vum Gemengerot am Kader vun den uewegenannten Dispositiounen, och nach eng Transmission obligatoire op den Inneministär gemaach ginn. Huet den Inneministär spezifesch Krittäre fir déi professionell Experienz vun 12 Joer ze evaluéieren an och déi spezifesch gefrote Qualifikatiounen, oder suivéiert den Inneministär d’Krittären déi vum Schäffe-/Gemengerot fixéiert goufen?


5. Vu que dass keng weider Krittären an den uewe genannten Dispositioune stinn, außer déi professionell Experienz vun 12 Joer, plus déi neidesch spezifesch Qualifikatioune fir de betraffene fräie Posten, dierfte Persounen déi aktuell schonn am Staats- respektiv Gemengendéngscht sinn (onofhängeg vun hirem aktuelle Statut), iwwert dës Prozedur nei agestallt ginn. Le cas échéant och souguer an där nämmlechter Verwaltung/Ministär. Falls net, firwat?


par il y a dans Fonction publique
Cloturée par il y a | 117 vues

1 commentaire

Gudde Moien,


Villmools merci fir d‘Info.

Ma betreffend déi éischt Fro ass et esou, dass een am Kader vun där spezifescher Astellungsprozedur do, beim Staat als éischt als Employé de l‘État agestallt gëtt an dann no minimum engem Joer zum Fonctionnaire ernannt gëtt. Dëst bedeit, dass een direkt dem Statut an dem Regime vum Employé de l‘État, respektiv an Deeler souguer dem Statut vum Fonctionnaire ënnersteet, mat all de Rechter a Flichten, mee och mat all de Sécherheeten déi dëse Régime mat sech bréngt.

Op der Gemeng gëtt een awer als Salarié à tâche intellectuelle agestallt an net als Employé communal, éier een da Fonctionnaire genannt gëtt. Dëst bedeit, dass een eigentlech dem Droit du travail an dem Code du travail ënnersteet, an net d‘Protectioun huet déi en Employé communal/d‘état huet, zB beim Kënnegungsschutz oder bei Disziplinarprozeduren, a Payetechnesch ass een och net d’nämlecht well den Tableau indiciaire sech net applizéiert. AUẞER, bei der Création de poste gëtt dësen un de Régime vum Employé gegliddert. Dh d’Gemeng kann do festleeën, dass de Salarié gekuckt gëtt wéi en Employé communal. Dëst muss awer explizit an der Création de Poste festgehale ginn, soss ass een e Salarié am Sënn vum Code du travail. Dëst ass e fundamentalen Ënnerscheed par rapport zu dëser Astellungsprozedur beim Staat, do ass et d‘office en Employé de l‘État.

Ech ka mer och denken wisou et esou ass, mee richteg ass et net. Dat huet wuel domat ze dinn, dass op der Gemeng de Schäfferot zoustänneg ass fir d‘Astelle vu Salariéën an de Gemengerot fir d‘Astelle vun Employés a Fonctionnaires. Sou kann e Schäfferot alleng een Astellen ouni domat mussen e Gemengerot an eventuell eng Oppositioun ze froen. Quid, dass de Gemengerot scho bei der Création de poste zum Deel am Bild ass an herno deejéinege muss Fonctionnaire nennen.

De Rescht fannen ech esou ganz gutt. Vläit sollt ee bei der Experienz vun 12 Joer zousätzöech froen op déi mussen postuniversitaire sinn.

Merci a mat beschte Gréiss

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Gudde Mëtteg,


mir wäerten heizou eppes preparéieren.


Déi heite Fro ass awer net kloer an misst méi konziis ginn:


1. Wisou gëtt bei dëser spezieller Astellungsprozedur en Ënnerscheed tëscht Staat a Gemenge gemaach, andeems déi betraffe Persoun beim Staat als Employé, a bei der Gemeng als Salarié agestallt gëtt, wuelwëssend, dass de Salarié just vun den nämmlechte Rechter a Flichten an och Protectioun vum Régime vum Employé ka profitéieren, wa säi Posten och un en Employésposten explizit ugegliddert ass?


Fir déi aner Froen proposéieren mir dat heiten:


  1. Wéi vill Astellungen goufen an de leschten 10 Joren opgrond vun dëser exceptionneller Astellungsprozedur gemaach (opgeschlësselt no Ministère, Verwaltung, Gemeng, Gemengesyndikat, Établissement public) an a wéi ee Grad an Echelon goufen dës Beamt:innen an deenen 10 Joer placéiert?
  2. Wéi gëtt déi exigéiert professionell Erfahrung vun 12 Joer determinéiert?
    • Gëtt hei einfach d'Zäit gekuckt, dass een 12 Joer aktiv war oder muss ee konkrete Lien do sinn mam Posten an deenen 12 Erfahrungsjoren?
    • Gi spezifesch Studiejoren hei bäigerechent?
    • Evaluéiert de Regierungsrot, respektiv de Gemengerot, no eegenem Ermiessen d'Erfahrung oder no festgeluechtene Krittären? 
    • Ginn d'Krittären fir dës 12 Joer Erfahrung scho bei der Schafung vum Posten opgestallt oder erréischt bei der Astellung iwwert dës Prozedur?
  3. Bei der Astellungsprozedur op der Gemeng muss, nom Vott vum Gemengerot, fir de Salarié à tâche intellectuelle nach eng Transmission obligatoire op den Inneministär gemaach ginn. Huet den Inneministère heifir eege spezifesch Krittären, fir déi professionell Experienz vun 12 Joer an déi spezifesch gefrote Qualifikatiounen z'evaluéieren, oder suivéiert den Inneministär d’Krittären déi vum Gemengerot fixéiert goufen? 
  4. Kënnen och Persounen, déi aktuell schonn am Staats- oder Gemengendéngscht schaffen (onofhängeg vun hirem aktuelle Statut) an d'Konditiounen vun 12 Joer Experienz an déi néideg Qualifikatiounen fir de fräie Posten matbréngen, iwwert dës Prozedur nei agestallt ginn? 
    • Falls jo, geet dat och an der nämmlechter Verwaltung?
    • Falls nee, firwat net?



    MfG

par il y a
sélectionné par il y a
Bienvenue sur FRO.LU. Proposez des questions parlementaires déposées à la Chambre des Députés par Sven Clement et Marc Goergen. Le Gouvernement est alors tenu d’y répondre, et les réponses officielles sont publiées sur cette plateforme.