FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+1 vote
263 vues

Moien,

méng Fro géif goen: un de Ministère de l'Environnement, un de Ministère de la Santé, an un de Ministère de l'Intérieur deen d'Executiiv, sprëch, d'Police géréiert, an natiirlech un all aanere Ministère an Member vun der Exekutiiv, d'Regierung, deen sech betraff fillt.
Vill Leit kennen de Problem: am Alldaag ass een ëmginn vun allméiglechen Geräischer déi, ech zitéieren d'Geméng Lëtzebuerg di mer op eng Ufroo geäntwert huet, zum Deel "inhérent à l'activité économique" sinn.
Dorënner faalen d'Geräischer vun su zimlech all Dënscht- an Notzgefiirer vun ëffentlechen a privaten Acteuren, Autoen, Kamionen, Zich, Bussen, Fliigeren, Chantiersmaschinnen, bref, alles waat d'Mënschen su brauchen an notzen fir d'Infrastruktur ze schaafen an z'ënnerhalen déi de Wueren- a Persounefloss deen eis Wirtschaft braucht fir z'existéieren a jidderegem d'Méiglechkeet ze ginn op d'Schaff an Heem ze kommen, an all di schéi Saachen di een mat éierlech verdéngten Suen kaafe kann heem ze kréien..
Daat féiert zur Verkéierssitutioun di mer all kennen, an di an de leschte Joeren mam Zouwuess vun Awunner och verbonnen ass mat engem Zouwuess un immatriculéierten Automobilen, déi, an ech zitéieren d'Geméng Lëtzebuerg nach eng Kéier labber "la ville ne dispose pas de moyens pour éviter que ces véhicules se cherchent un chemin à travers les quartiers résidentiels", mat allen "nuisances environnementales" déi een sech denke kann.
Ouni op d'Loftqualitéit anzegoen, géif ech nëmme gären wëssen, wéi et méiglech ass, datt no folgender "décision"
https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/bruit/decision-vl-bruit.pdf
vun 2008
wa mir eis am Joer 2019 befannen, also méngesachtens "moyen et long terme" vun däer Décisioun ewäsch:
- privat genotzten Automobil Gefiirer, sief et Autoen, Motorieder oder sonstech, déi strikten Regelen entsprieche mussen fir op eise Stroosen zougelooss ze ginn, ëmmer nach vun Wierk aus wäit aus méi Kaméid produzéiere kënnen wéi de Ministère recommandéiert oder suguer d'Gesetz erlaabt, spréch wäit iwwert 90db, bis zu 120db, wat engem Fliiger beim Start entsprëcht? An datt déi Gefiirer "Sandweiler" kréien, also de "feu vert", den "droit de circulation" vun de Kontrollinstanzen, déi di gesetzlech Reglementatiounen fir sou Gefiirer iwwerpréiwen?
-privat genotzen Automobiler weider zirkuléieren, di kloer selwer ëmgebaut/modifizéiert goufen, fir suvill Kamééidi ze maachen?
- d'Exekutiiv, sprëch d'Police, net mat adequatem Material ausgestatt ass, fir Iwwerschreidungen vun den seuils légaux op der Plaaz festzestellen an am positive Fall ze sanctionnéieren? (alt nees eng Äntwert vun der Geméng Lëtzebuerg op eng Ufroo...)
- datt ech als Trëppler an haptsächlech als Velosfuerer net d'Recht hun, mech mat adequatem Matérial spréch, Kopfhörer wéi se op Chantieren op deenen ähnlech Geräischwerter optrieden wi op eise Stroossen, Pflicht sinn? (Reaktioun op Policekontrollen um bd. Royal wou Velosfuerer mat Kopfhörer Protokolle kruuten)
Ech soen allen implizéierten Acteuren am viiraus merci fir hier erhellend Äntwerten. An nach vill méi fir d'aktivt Ëmsetzen vun den existéierenden Gesetzer.
(n.b.: wann ech vun privaten Gefiirer schreiwen, mengen ech effektiv privat an individuell Gefiirer, déi als eenzegen Existenzgrond hunn, privat individuell Mobilitéit ze garantéieren. Am Kontrast zu privat exploitéiert Dingscht- an/oder Notzgefiirer wéi Bussen a Camioen vun ekonomëschen Acteuren am Bau- oder Transportwiesen, ënnert aanerem. Dës Gefiirer hun anscheinend aaner Normen ze respektéieren..)

par dans Mobilité et Travaux publics
recatégorisées par | 263 vues

4 commentaires

update: op Äntwert vum Ministère de l'Environnement wat gewëssen Aspekter vu méngen Froen betrëfft, gouf ech weidergeleed bei de "Ministère des Transports"
Daat as dann wuel "Mobilité et Travaux publics"...
Interessant, vlait kennt der dei kommunikatioun (ech geif Perseinlech donnéen schwärzen) vlait hei verlinken ?


Hätt der vlait d'dokument?

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.